Louise Welter

Vu Wikipedia
Louise Welter
Gebuer 15. Oktober 1897
Gestuerwen 5. Mäerz 1999
Aktivitéit Dokter
Am Kader vum Projet Rues au féminin gouf 2022 ďRue du Lavoir zu Leideleng symbolesch an ďRue Louise Welter ëmbenannt

D'Louise Welter, gebuer de 15. Oktober 1897 der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 5. Mäerz 1999 am Alter vun 101 Joer, war déi zweet lëtzebuergesch Doktesch an déi éischt als Generalistin. Déi éischt iwwerhaapt war d'Zänndoktesch Marcelle Dauphin.

Hire lëtzebuergeschen Dokteschdiplom krut d'Louise Welter de 24. November 1923. Am Juli 1926 krut si d'Plaz als vollberufflech Schouldoktesch vun der Stad Lëtzebuerg. Am Laf vun de Joren huet si de Service vun der Schoulmedezin ausgebaut. 1927 ass d'Schoulmëllech fir kleesper Kanner agefouert ginn, 1932 d'Schoulschwamme fir d'Kanner aus dem 5. a 6. Schouljoer; vun 1930 bis 1959 si wärend de Wanterméint Fëschtron a Vitamintabletten un d'Kanner verdeelt ginn; an all Schoul gouf en Apdikteschschaf ageriicht.

D'Louise Welter ass 1962 a Pensioun gaangen.

Zu Ierpeldeng bei Ettelbréck ass d'Rue Dr Louise Welter no hir benannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H., 2003): “Eng Doktesch, mäi wärrech!”: Beitrag zur Medizingeschichte im Großherzogtum Luxemburg. Die Warte 2003, Nr. 4 (30. Januar), S. 1-2.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1343-1756 (L. Welter, S. 1690).
  • Rausch, K., 2007. Portraits de femmes célèbres luxembourgeoises. Kará éd., 2007, Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 111 S. (Louise Welter, S. 90-98).
  • Theves, G., 2003. Die Frau in der Medizin. Luxemburger Wort 2003 (26. Februar), S. 15.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]