Lowell-Observatoire

Vu Wikipedia
13" Pluto Discovery Teleskop

De Lowell Observatoire zu Flagstaff, Arizona, USA gouf vum Percival Lowell am Joer 1894 gegrënnt, fir de Planéit Mars an déi vum Giovanni Schiaparelli vun 1877 bis 1879 observéiert Marskanäl ("Canali") méi genee z'ënnersichen. Zanter 90 Joer gëtt et awer och fir aner astronomesch Fuerschunge gebraucht.

De Lowell war e räichen Amateurastronom an huet d'Canali (onkorrekt als "Canals" iwwersat) fir Bewässerungskanäl vun intelligente Liewewiesen a fir deen ausgedréchente Mars ze bewässeren. D'Faarfverännerungen, déi hie bei sengen Observatioune festgestallt huet, ware senger Meenung no Verännerunge vun der Vegetatioun.

Dës Gedanke goufe vu munneche Marsfuerscher nach bis zu de Landunge vun de Raumsonde verfollegt (Mariner 4 am Joer 1965).

Den Observatoire gouf vun de Bridder Edward a William Henry Pickering geplangt – op dréchenem Land op 2.210 m Héicht. E war vun Ufank un, mat de modernsten Instrumenter ekipéiert an hat z. B. 1910 mat 1,1 m de weltwäit drëttgréisste Spigelteleskop.

Flagstaff läit matzen an Arizona, ronn 120 km südlech vum Grand Canyon, tëscht Mount Humphreys (3.854 m) an dem Sunset Crater (Ausbroch virun 950 Joer, iwwer 2.000 km² Äeschen a Lava).

Am Joer 1912 huet de Vesto Slipher zu Flagstaff ugefaangen d'Spektre vu Spiralniwwele opzehuelen. Trotz liichtstaarken Instrumenter waren dozou Beliichtunge vun iwwer e puer Nuechten néideg – ausser beim Andromedaniwwel. Bei deem waren d'Spektrallinnen an d'Blot (amplaz rout) verréckelt, wat de Slipher duerch eng séier Beweegung vun eiser Mëllechstrooss erkläert huet. Ee vu senge Studente war den Edwin Hubble, dee spéider déi allgemeng Routverrécklung duerch Expansioun vum Kosmos gedeit huet.

1930 gouf de Pluto no joerzéngtelaange Viraarbechten zu Flagstaff entdeckt. Zanter e puer Joer déngt den Observatoire fir d'Sich no Asteroiden. Am Projet "Near Earth Object Survey" (LONEOS) gouf dofir en automatescht Teleskop entwéckelt.

Zu Flagstaff ass och den USGS-Zentrum fir Astrogeologie. Do war den Eugene Shoemaker haaptsächlech fir d'geologesch Studië fir d'Virbereedung vun de Moundlandunge verantwortlech. 1969 ass hien als Professer fir Geologie an d'Departement fir geologesch a planetaresch Wëssenschaften zu Pasadena zeréckgaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Commons: Lowell Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien