Loïc Leferme

Vu Wikipedia
Loïc Leferme
Gebuertsnumm Loïc Marcel Pierre Leferme
Gebuer 28. August 1970
Malo-les-Bains
Gestuerwen 11. Abrëll 2007
Nice
Nationalitéit Frankräich

De Loïc Leferme (gebuer den 28. August 1970 zu Malo-les-Bains, Nord; a gestuerwen den 11. Abrëll 2007 zu Villefranche-sur-Mer) war e franséischen Apnoedaucher. Bis den 2. Oktober 2005 hat hien de Weltrekord an der Disziplin No limit.

De Loïc Leferme hat säin éischte Weltrekord de 5. Juni 1999 mat enger Déift vun 137 Meter opgestallt.

Nodeem den Italieener Umberto Pelizzari him de Weltrekord mat 150 Meter ewechgeholl hat, huet hie sech de Weltrekord am Joer 2000 mat 152 Meter zeréckgeholl. Am Joer 2001 huet hien dëse Rekord op 154 Meter verbessert. Den 20. Oktober 2002 koum den nächste mat 162 Meter. Den 30. Oktober 2004 huet e säin eegene Rekord nach eng Kéier mat enger Déift vun 171 Meter geklappt. Den 2. Oktober 2005 gouf dëse Rekord vum éisträicheschen Apnoedaucher Herbert Nitsch, mat 172 Meter gebrach.

De Loïc Leferme ass den 11. Abrëll 2007 bei engem Training zu Villefranche-sur-Mer déidlech verongléckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]