Op den Inhalt sprangen

Lucia Moholy

Vu Wikipedia
Lucia Moholy
D'Lucia Moholy (ëm 1924/28)
Pseudonym Ulrich Steffen
Gebuer 18. Januar 1894
Prag
Gestuerwen 17. Mee 1989
Zürich
Nationalitéit Éisträich-Ungarn, Vereenegt Kinnekräich, Schwäiz
Educatioun Karls-Universitéit,
Hochschule für Grafik und Buchkunst Leipzig
Aktivitéit Fotografin, Enseignante, Publizistin, Kënschtlerin, Redaktesch, Schrëftstellerin
Famill
Bestuet mat László Moholy-Nagy (1921–1934)

D'Lucia Moholy, och alt Lucia Moholy-Nagy (Pseudonym: Ulrich Steffen), gebuer als Lucia Schulz den 18. Januar 1894 zu Prag a gestuerwen de 17. Mee 1989 zu Zürich, war eng Fotografin aus Éisträich-Ungarn, der haiteger Tschechescher Republik.

Si gouf besonnesch mat hire Fotoe vun der Architektur an de kënschtleresche Kreatioune vun der Bauhausschoul bekannt, mat deene si zur Entwécklung vum fotografesche Modernismus bäigedroen huet.

Als en Affer vum Matilda-Effekt ginn hir Aarbechten nëmme seelen hir zougeschriwwen, gemenkerhand gi se hirem Mann László Moholy-Nagy oder dem Walter Gropius, dem Grënner vum Bauhaus attribuéiert.

Déi visuell Faszinatioun vun hire Biller mécht aus der Lucia Moholy eng Ikon vun der Neier Objektivitéit an der moderner Fotografie.

Am Joer 1912 gouf d'Lucia Schulz Professesch fir Däitsch an Englesch an huet duerno nach Philosophie, Philologie a Konschtgeschicht op der Universitéit vu Prag studéiert.

Vun 1915 bis 1918 huet si als Redaktesch an Editeurin a verschiddenen däitsche Verlagshaiser, wéi Hyperion a Kurt Wolff zu Berlin geschafft. 1920 gouf se Chefredaktesch vum Rowohlt Verlag, och zu Berlin.

Vun 1919 un huet si ënner dem männleche Pseudonym Ulrich Steffen radikal expressionistesch Literatur publizéiert.

De László Moholy-Nagy ëm 1930

1920 huet si den ungaresche Kënschtler László Moholy-Nagy (1895–1946) kennegeléiert an en am Januar 1921 bestuet.

Nodeems d'Koppel sech fir d'éischt zu Leipzig néiergelooss hat, si se duerno op Dessau geplënnert. An der Bauhaus-Schoul huet d'Lucia Moholy hir Affinitéiten an der experimenteller Fotografie erfuerscht an am Schiet vun hirem Mann geschafft.

1923 krut de László Moholy-Nagy eng Plaz als Enseignant an der Schoul fir Architektur a ugewannter Konscht zu Weimar a gouf eng vun den Haaptfigure vum Bauhaus. D'Lucia Moholy huet als Technikerin an hirem Mann sengem Fotoslaboratoire geschafft a gouf seng Haaptmataarbechterin. Si war och eng Schülerin am Otto Eckner sengem Fotostudio am Bauhaus.

1925 huet d'Lucia Moholy an der historescher Ausstellung "Film und Foto" zu Stuttgart matgemaach, iwwerdeems se vun 1923 bis 1928 als freelance Fotografin am Bauhaus zu Weimar an zu Dessau geschafft huet.

Vun 1925 bis 1926 huet si op der Hochschule für Grafik und Buchkunst zu Leipzig Foto- a Drocktechnik studéiert an de Studium als qualifizéiert Fotografin ofgeschloss.

D'Bauhaus-Gebai zu Dessau am Joer 1986 .

D'Artistin huet déi bannenzeg a baussenzeg Architektur vum Bauhaus-Gebai, seng Installatiounen, souwéi d'Schüler an d'Enseignanten dokumentéiert. Hir ästhetesch Choixe sinn en Deel vun der Neier Objektivitéit, déi sech op d'Dokumentatioun vun engem einfache Standpunkt konzentréiert huet.

Si huet mat verschiddene Prozesser experimentéiert, dorënner och de Fotogramm – e fotografescht Bild dat een ouni Kamera produzéiert. A ville Publikatioune ginn all d'Wierker vun der Koppel dem László Moholy-Nagy zougeschriwwen. An hirem gemeinsame Buch Malerei, Photografie, Film vun 1925 gëtt och just hire Mann ernimmt.

Zweete Weltkrich

[änneren | Quelltext änneren]

D'Lucia Moholy huet an der privater Konschtschoul vum Schwäizer Moler Johannes Itten zu Berlin Fotografie enseignéiert. 1933, wéi d'Nationalsozialistesch Däitsch Aarbechterpartei un d'Muecht koum, gouf hiren deemolege Partner, Theodor Neubauer (1890-1945), enges Daags festgeholl; si war du gezwongen z'emigréieren an all hir Wierker zu Berlin zeréckzeloossen.

Si ass op Prag gaangen an duerno an d'Schwäiz, an Éisträich an op Paräis, ier se sech schlussendlech zu London néiergelooss huet.

Mecklenburgh Square, der Lucia Moholy hir Wunnplaz zu London

Zu London huet si haaptsächlech kommerziell Fotografie a Portraite gemaach a Coursë ginn.

Nom Enn vum Zweete Weltkrich huet d'Lucia Moholy versicht an d' USA z'emigréieren. Si huet eng Demande fir e Visa gemaach, fir an Amerika kënne Fotografie z'enseignéieren; d'Demande gouf awer refuséiert well se net genuch Experienz am Enseignement hat.

Vun 1946 bis 1957 huet si am Noen a Mëttleren Osten am Kader vun UNESCO-Projete fotografesch Reproduktiounsprozesser vu Grafikmaterial an Dokumentarfilmer realiséiert.

1959 ass si an d'Schwäiz op Zollikon geplënnert, wou si iwwer d'Zäit vum Bauhaus geschriwwen huet a sech op d'Konschtkritik konzentréiert huet.

Och wann hir Biller fir de Marketing vum Bauhaus an a Katalogen a Bicher benotzt goufen, gëtt hir Aarbecht hir ëffentlech nëmme seelen zougeschriwwen.

1938 huet de Walter Gropius fir eng Bauhaus-Retrospektiv am Museum of Modern Art (MoMA) bal fofzeg vun hire Fotoe fir d'Opriichte vun der Ausstellung an am Ausstellungskatalog benotzt, ouni si eng eenzeg Kéier z'ernimmen. Si huet e puer mol beim Gropius probéiert fir d'Rechter op hire Biller zeréckzekréien. Well dat keen Erfolleg hat, huet si en Affekot engagéiert, krut d'Rechter awer nëmmen deelweis an den 1960er Joren.

1972 huet si Moholy-Nagy Notes publizéiert, als e leschte Versuch, fir d'Rechter op de Biller ze kréien, déi ouni hir Erlabnis g'ännert goufen a fir d'Aarbecht déi s'am Schiet vun hirem Ex-Mann realiséiert hat.

Eréischt am héijen Alter huet si géint de Gropius gewonnen an hiert Wierk als hir Aarbecht unerkannt kritt.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • A Hundred Years of Photography : 1839-1939, Lucia Moholy, Pelican, Penguin Books Limited, 182p, 1939, ASIN B000ZK32N2
 Commons: Lucia Moholy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]