Lucien Thiel

Vu Wikipedia
Lucien Thiel
Gebuer 14. Februar 1943
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. August 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei CSV

De Lucien Thiel, gebuer de 14. Februar 1943 an der Stad Lëtzebuerg,[1] och do gestuerwen de 25. August 2011,[2],[3] war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker (CSV).

De Lucien Thiel war vun 1968 bis 1980 Chefredakter vun der Revue a vun 1981 bis 1990 Chefredakter vum Lëtzebuerger Land. Duerno war e, bis 2004, Direkter vun der ABBL. Vun 2000 bis 2002 war hien zousätzlech President vum Conseil économique et social.

2004 gouf de Lucien Thiel an d'Chamber gewielt, an 2005 an de Stater Gemengerot.

Hie gouf 2009 an d'Chamber erëmgewielt. Do gouf hien, nom Récktrëtt vum Jean-Louis Schiltz am Februar 2011, Fraktiounschef vu senger Partei.

De Lucien Thiel war Matgrënner vun der Fondatioun Kräizbierg an zanter 2011 President dovun.

Hie war bestuet a Papp vun 2 Kanner.

De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss um Kierchbierg no him ze nennen.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 421
  2. "survenu à Luxembourg, le 25 août 2011", Doudesannonce vun der Chamber, Luxemburger Wort Nr 199 vum 27. August 2011, S. 57
  3. CSV-Fraktionschef Lucien Thiel gestorben. Wort.lu (2011-08-25). [1]
    Lucien Thiel ist tot. Tageblatt.lu (2011-08-25). [2]
  4. op archives-vdl.findbuch.net