Lucien Bentz

Vu Wikipedia
Lucien Bentz
Gebuer 6. Dezember 1916
Gestuerwen 25. Februar 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Lucien Bentz (genannt Bütz)[1], gebuer de 6. Dezember 1916 zu Dikrech, gestuerwen de 25. Februar 1944 zu Hinzert, war e lëtzebuergesche Sportsprofesser a Resistenzler.

No sengem Secondairesstudium am Iechternacher Kolléisch huet de Lucien Bentz zu Nanzeg an zu Bonn Sport studéiert. Am September 1940 huet hie säi Studium zu Nanzeg mat Erfolleg ofgeschloss.[2]

Seng Enseignantscarrière huet hien am Iechternacher Kolléisch ugefaangen, duerno huet hien am Dikrecher Kolléisch, der Akerbausschoul vun Ettelbréck a schliisslech am Atheneum an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert.

Als iwwerzeegte Patriot huet de Lucien Bentz sech schonn ufanks 1941 an der Resistenz engagéiert an ass nach an deemselwechte Joer Kantonalchef vun der LVL fir de Kanton Iechternach ginn. Den 29. Oktober 1943 ass de Lucien Bentz am Atheneum verhaft an an d'KZ Hinzert bruecht ginn. De 25. Februar 1944 ass hien do zesumme mat 20 anere Lëtzebuerger, engem Fransous an engem Belsch vun den Nazien erschoss ginn.[3]

De Lucien Bentz krut posthum Croix de la Résistance.[4] Him zu Éieren hunn d'Professeren an d'Schüler vum Atheneum 1945 de «Challenge Lucien Bentz», e Foussballturnéier tëscht deenen eenzele Lycéeën aus dem Land, an d'Liewe geruff. D'Finall vum éischten Challenge ass den 8. Februar 1946 am Stater Stadion gespillt ginn; si huet den Atheneum an den Escher Jongelycée (LGE) opposéiert. Vainqueur mat 4:3 war den LGE.[5],[6]

De Lucien Bentz huet virum Zweete Weltkrich an der éischter Ekipp vum Iechternacher Daring gespillt.[7] Hie war och Member vun der Stater Union sportive.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1946. Ons Helden: Lucien BENTZ, geb. 6. 12. 16, Dickeréch, Turnprofesser, Cantonalchef L.V.L. Iechternach. Obermosel-Zeitung 1946-03-02, S. 6. [5]
  • Anonym, 1946. In Memoriam: Lucien Bentz. Luxemburger Wort 1946, Nr. 67 (8. März), S. 2. [6]
  • Anonym, 1949. Challenge Lucien Bentz 1949. Luxemburger Wort 1949, Nr. 354 (20. Dezember), S. 9. [mat dem Text vum Noruff vum J. Hirsch (1948)]. [7]
  • Hirsch, J., 1948. Lucien Bentz (6.12.1916-25.2.1944). In: Journal de l'Association des Professeurs, 36: 19-20.
  • Kettel, J., 2011. Umbra mortis operti: le Monument aux Morts du Lycée classique de Diekirch. Diekirch: Lycée classique de Diekirch, Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 341 S. (Les cahiers du LCD ; n° 2) (Lucien Bentz: S. 44-46.)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Anonym 1946.
    Lorenz, M., 1996. Kannererënnerungen voan äm 70zig Jährigen. In: Schwebag, P. & G. Pommerell, 1996. Daring Eechternoach, 1921-1996. 89 Jaouer Foussball an 75 Jaouer Daring zu Eechternaoch. 1907-1996. Echternach, S. 44.)
  2. Am "Luxemburger Wort" 1940, Nr. 264 (20. September), S. 4, stoung deemools déi heiten Notiz: Prüfungserfolg. Herr Lucien Bentz aus Echternach hat an der Hochschule für physische Erziehung in Nanzig die Befähigungsprüfung sowie den Monitor für physische und sportliche Erziehung in Vorbereitung auf das Professorat bestanden. [1]
  3. Klopp, E. & R. Lofy, 1982. Hinzert - kein richtiges KZ?: eine Dokumentation. Trier: Selbstverlag, S. 29.
    Luxemburger Wort 1946, Nr. 67 (8. März), S. 3 (Tableau d'honneur).
    Tageblatt 1948, Nr. 45 (25. Februar), S. 1 (Besinnung) [2].
  4. D'Croix de la Résistance, gëtt nëmme posthum verginn (nëmmen d'Groussherzogin Charlotte, de Prënz Félix an de Groussherzog Jean hu se zu Liefzäite kritt). Villa Pauly: Vom Gestapositz zum Dokumentationszentrum
  5. Luxemburger Wort 1946, Nr. 38 (7. Februar), S. 3. [3]
    Luxemburger Wort 1946, Nr. 40/41 (9. Februar), S. 3. [4]
  6. Fotoe vun der Iwwerreechung vun der Coupe no der Finall 1950 an den Text vun enger Ried vum Atheneumsdirekter Jean-Pierre Stein (La grande leçon de Lucien Bentz) sinn am Buch L'Athénée et ses grands anciens, 1815-1993, vol. 2. Luxembourg 2003, S. 182, ze fannen.
  7. Schwebag, P. & G. Pommerell, 1996. Daring Eechternoach, 1921-1996. 89 Jaouer Foussball an 75 Jaouer Daring zu Eechternaoch. 1907-1996. Echternach, S. 37ss.
    Schwebag, P., 2011. Daring Club Eechternoach, 1921-2011. 104 Jaouer Foussball zu Eechternoach. 90 Jaouer Daring. Echternach, S. 32.
  8. Escher Tageblatt 1946, Nr. 198 (30. August), S. 5