Lucien Richard

Vu Wikipedia
Lucien Richard
Gebuer 11. Februar 1820
Klierf
Gestuerwen 17. Dezember 1900
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter

De Jean Baptiste Lucien Richard, gebuer 1820[1] a gestuerwen de 17. Dezember 1900[2] war e lëtzebuergeschen Affekot, Magistrat, Verwaltungsdirekter a Politiker.

Éier hien 1848 eng Nominatioun[3] als Substitut um Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg krut war hien Affekot zu Dikrech.

1850 krut hien eng Nominatioun[4] als Friddensrrichter vum Kanton Lëtzebuerg.

1860 krut hien eng Nominatioun als President vum Bezierksgeriicht vun Dikrech.

1867 krut hien eng Nominatioun[5] als Direkter vun der Administration des contributions directes et des accises.

1848 war hie Member vun der Assemblée constituante a vun 1848 bis 1856 Deputéierten an der Chamber[6].

Hie war vum 15. Mäerz 1871 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[7]

Hie war mat der Marie Caroline Heuardt betuet an hat dräi Kanner.[1]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Säit op industrie.lu mam Grafstee vun der Famill Richard
  2. Annonce vum Doud vum Lucien Rischard am Luxemburger Wort vum 18. Dezember 1900 op eluxemburgensia.lu Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2013-02-03.
  3. Arrêté royal grand-ducal du 24 juillet 1948 contenant nomination de membres de l'ordre judiciaire. Mémorial Nummer 58 vun 1848, S. 469-471
  4. Arrêté royal grand-ducal du 4 octobre 1850, par lequel le sieur Lucien RICHARD est nommé juge de paix du canton de Luxembourg. Mémorial Nummer 95 vun 1850, S. 941-942.
  5. Arrêté royal grand-ducal du 10 avril 1867. Mémorial N° 24 - Zweeten Deel vum 4. Mee 1867 S. 198
  6. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994
  7. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot