Lucien Van Impe

Vu Wikipedia
Lucien Van Impe
Gebuer 20. Oktober 1946
Erpe-Mere
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Vëlossportler, Sportsdirekter
Positioun oder
Spezialitéit
Grimpeur
Veräin/Ekipp Sonolor-Gitane,
Kas,
Sonolor-Gitane,
Lejeune-BP,
C&A,
Marc-Carlos-V.R.D.-Woningbouw,
Boston-Mavic,
Bardiani CSF
Famill
Geschwëster Frank Van Impe

De Lucien Van Impe, gebuer den 20. Oktober 1946 zu Mere an Ostflandern, ass e belsche Vëlossportler. De Van Impe war e Biergspezialist an ass am Ganze 15-mol den Tour de France gefuer, huet en och 1976 ënner der Direktioun vum Cyrille Guimard gewonnen, a war 9-mol ënner de 6 Éischten.

Hie war Profi vun 1969 bis 1987 wéi en am Alter vun 41 Joer de 15. Oktober de Vëlo un den Nol gehang huet.

Säi Brudder Frank gebuer den 1. Juni 1955, a säin Neveu Kevin sinn och professionell Vëlossportler.

Palmares[änneren | Quelltext änneren]

  • Challenge Yellow (Sédis): 1976
  • Tour de France: 1976 (2.: 1981; 3.: 1971, 1975, 1977) (Beschte Grimpeur: 1971, 1972, 1975, 1977, 1981, 1983)
  • Belsch Landesmeeschterschaft op der Strooss: 1983
  • Tour de l'Aude: 1975
  • Tour de Valle Mineros: 1983
  • Polymultipliée: 1976
  • Grand Prix de Sérénac: 1977
  • Grand Prix d'Assenede: 1979
  • Grand Prix de Mere: 1983, 1987
  • 9 Etappe vum Tour de France
  • Beschte Grimpeur am Giro d'Italia: 1982, 1983, 1984
  • 1. an der Polynormande: 1981
  • 2. vum Tour de Suisse: 1977