Ljudmila Iwanowna Tschernych

Vu Wikipedia
Ljudmila Iwanowna Tschernych
Gebuer 13. Juni 1935
Schuja
Gestuerwen 28. Juli 2017
Russland
Nationalitéit Sowjetunioun, Ukrain, Russland
Aktivitéit Astronom
Famill
Bestuet mat Nikolai Stepanowitsch Tschernych

D'Ljudmila Iwanowna Tschernych, gebuer den 13. Juni 1935 zu Schuja, Oblast Iwanowo a gestuerwen den 28. Juli 2017 ass eng russesch Astronomin.

1959 hat si hiert Studium an der Staatlecher Pedagogescher Héichschoul vun Irkutsk ofgeschloss. Uschléissend schafft si bis 1963 an engem Laboratoire fir Zäit- a Frequenzmiessungen am All-Union Fuerschungsinstitut fir physikalesch-technesch a radiotechnesch Miessungen zu Irkutsk, wou si astrometresch Observatioune fir den „Zäitdéngscht“ gemaach huet. Vun 1964 bis 1998 war si wëssenschaftlech Mataarbechterin am Institut fir theoreetesch Astronomie an der sowjetesch/russescher Akademie vun de Wëssenschaften a schafft am Krim-Observatoire. Do huet si hire spéidere Mann kennegeléiert, den Astronom Nikolai Stepanowitsch Tschernych, mat deem si zesummegeschafft huet.

D'Tschernych huet 268 Asteroiden entdeckt[1], dorënner (1772) Gagarin, (2807) Karl Marx, (3147) Samantha an den Apollo-Asteroid (2212) Hephaistos.

Zu Éiere vun der Koppel Tschernych gouf den Asteroid no hinnen (2325) Chernykh genannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minor Planet Discoverers

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie