Luena (Moxico)

Vu Wikipedia
Luena

D'Verwaltungsschoul zu Luena
Land Angola
Verwaltungseenheet: Moxico
Koordinaten 11° 47’ 30.48’’ S
      19° 54’ 22.32’’ O
Fläch ? km²
Awunnerzuel: 390.707[1] (Schätzung vun 2017)
Héicht: 1.350[2] m
Websäit /
center}}}

Luena ass eng Stad am Oste vun Angola an d'Haaptstad vun der Provënz Moxico. Wärend der portugisescher Kolonialzäit huet se Luso, respektiv Vila Luso geheescht.

Luso ass 1895 vum Lieutenant-Colonel Trigo Teixeira gegrënnt ginn a krut den 18. Mee 1956 Stad-Statut. 1975, wéi Angola onofhängeg ginn ass, krut se den neien Numm Luena, benannt no engem Waasserlaf südlech vun der Stad.[2]

Mat enger duerchschnëttlecher Altitude vun 1.350 Meter falen zu Luena ronn 1.200 mm Reen d'Joer.[2] Am Schnëtt läit d'Temperatur bei 21 Grad Celsius.[2]

2017 hunn zu Luena Schätzungen no 390.707 Awunner gewunnt, dovun 183.845 Fraen.[1] D'Stad setzt sech aus ënnerschiddlechen ethnesch-linguistesche Gruppen zesummen, dorënner Côkwe (déi gréisst Grupp), Luvale, Ovimbundu, Bundas, Luchazes a Lunda Dembo.[2]

Luena läit un der Benguelabunn tëscht Huambo am Zentrum vum Land a Luau bei der Grenz mam Kongo. De Fluchhafen vu Luena huet den IATA-Code LUO.

De laangjäregen UNITA-Leader Jonas Savimbi läit zu Luena begruewen.[3]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luena – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Projecção da População da Província do Moxico, 2014-2050", Quadro 39 - População projectada por municípios, segundo o sexo, 2017-2019, Editioun 2016, Säit 58, erofzelueden hei
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Agëncia Angola Press: Cidade do Luena existe há 61 anos (18. Mee 2017)
  3. Mail & Guardian: Jonas Savimbi's tomb vandalised, says Unita (23. Januar 2008)