Luigi Peruzzi

Vu Wikipedia
Luigi Peruzzi
De Luigi Peruzzi 1943 als Zwangsaarbechter zu Berlin
Gebuer 27. Juli 1910
Novafeltria
Gestuerwen 22. Juli 1993
Monnerech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler, Steemetzer
De Luigi Peruzzi (ganz riets) 1979 zu Roum bei enger Réceptioun beim Sandro Pertini (4. vu riets), President vun der italieenescher Republik, bei Geleeënheet vun der Iwwerreechung vum Verdéngschtuerde vun der italieenescher Republik (Ordine al Merito della Repubblica Italiana).

De Luigi Peruzzi, gebuer de 27. Juli 1910 zu Mercatino Marecchia, deemools Regioun Marche, haut Novafeltria an der Regioun Emilia-Romagna an Italien, a gestuerwen den 22. Juli 1993 zu Monnerech, war en italieeneschen antifaschisteschen Aktivist a Resistenzler zu Lëtzebuerg.

Well hien zesumme mat aneren italieeneschen Awanderer zu Esch-Uelzecht eng antiNazi-Zäitschrëft erausginn huet, gouf hien 1942 verhaft an an d'KZ zu Hinzert deportéiert. 1943 gouf hien un Italien ausgeliwwert. 1946 koum hie bei seng Famill op Lëtzebuerg zeréck.

Nom Krich huet hie seng Memoiren op Italieenesch an e puer Deeler verëffentlecht. D'Versioun vun 1969 koum 2002, an enger franséischer Iwwersetzung, zu Esch-Uelzecht eraus. Dora beschreift hie virun allem seng Aktivitéit als Antifaschist a Resistenzler, an och seng Erliefnesser am KZ Hinzert.

De Luigi Peruzzi war bestuet mat der Irene Venturi (1916-1989). Zesummen hate si dräi Kanner (Raymond, Anita a Fernand).[1]

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Luigi Peruzzi koum als Jong vun engem Doléiner zu Mercatino Marecchia an der Gemeng Novafeltria, an der italieenescher Provënz Pesaro e Urbino an der Regioun Marche op d'Welt. Säi Papp ass 1916 als Zaldot am Éischte Weltkrich gefall, 1917 ass seng Mamm gestuerwen. Duerno war hie bis 1926 an enger Schoul fir Weesekanner zu Roum.

1926, mat 16 Joer, ass hien op Esch-Uelzecht komm, wou seng Groussmamm gelieft huet. Hien huet als Steemetzer an duerno, vun 1936 un, als Rouleur an der Minière Montrouge vun der ARBED zu Däitsch-Oth geschafft.

An den 1930er Joren huet hien op der Säit vun de Kommunisten un der Propaganda géint de faschistesche Regime an Italien, virun allem bei deem sengen Unhänger zu Lëtzebuerg matgewierkt, sou z. B. an der antifaschistescher Theatergrupp Avvenire zu Esch-Uelzecht, déi hie matgegrënnt hat.

An den éischte Krichsdeeg gouf hie mat senger Famill a Frankräich an den Departement Saône-et-Loire evakuéiert, koum awer erëm zeréck op Lëtzebuerg nodeem d'Krichsfront weider gezu war.

Wärend der däitscher Besatzung huet hien zu Esch eng duebel Aktivitéit als Resistenzler entwéckelt. Zesumme mat engem Frënd huet hie sech an d'Theatergrupp vun der faschistescher Organisatioun Dopolavoro ageschriwwen, fir do Onrou ze schafen an un Informatiounen ze kommen. Donieft huet hien eng Ënnergrondzeitung géint déi däitsch Zivilverwaltung materausginn, déi zweemol am Mount erauskoum (La Voce degli Italiani). D'Schreifmaschinn war beim Peruzzi doheem verstoppt, d'Texter goufe vun him getippt. Déi Zäitschreft gouf ënner den italieeneschen Immigranten am noe Frankräich an zu Lëtzebuerg verdeelt. D'Oplo louch em déi puer Dosen Exemplaren.

Den 9. September 1942 gouf de Luigi Peruzzi, op e Verrot hin, vun der Gestapo festgeholl a koum an de Prisong am Stadgronn. De 14. September 1942 gouf hien, zesumme mat anere politesche Gefaange vu Lëtzebuerg, an d'KZ zu Hinzert iwwerfouert, wou hien an enger Aarbechtskolonn baussent dem Lager huet misse schaffen.

Wéi all Prisonéier am Lager huet hien ënner der Keelt a virun allem awer dem Honger an dem barbaresche Behuele vun den SS-Bewaacher gelidden. Hie gouf vun der SS gefoltert, fir d'Membere vu senger Resistenzgrupp ze verroden, wat hien awer net gemaach huet.

Am Februar 1943 gouf hien iwwer Tréier, München an Innsbruck op d'italieenesch d'Grenz bruecht - den Transport, vun engem Prisong bis zu deem nächsten, huet e Mount gedauert - fir de Carabinieri vum faschisteschen Italien ausgeliwwert ze ginn.

Am Abrëll 1943 koum hien an de Prisong zu Pesaro, a senger Heemechtsprovënz, kuerz duerno gouf hien a senger Heemechtsgemeng ënner résidence surveillée placéiert.

No der Chute vum Mussolini (25. Juli 1943) huet hie sech an déi italieenesch Arméi engagéiert. Den 13. September huet seng Garnisoun sech zu Ancona der Wehrmacht erginn. De Peruzzi gouf als Krichsgefaangenen op Berlin deportéiert, wou hie bis zu senger Befreiung duerch d'russesch Truppen an enger Géisserei huet misse schaffen.

No der Liberatioun konnt hien eréischt am Februar 1946, vun Italien iwwer Paräis, op Lëtzebuerg zeréckkommen, wou hien erëm an der Minière Montrouge ugefaangen huet ze schaffen.

1960 war de Peruzzi Zeien am Prozess vum Hinzerter Lagerkommandant Paul Sporrenberg zu Tréier.

Nom Krich war de Luigi Peruzzi ee vun de wichtegste Vertrieder a Spriecher vun der italieenescher Communautéit zu Lëtzebuerg.

De 25. Februar 1970 krut hien den offiziellen Titel, d'Kaart an d'Ofzeeche vum Resistenzler zu Lëtzebuerg.

1979 gouf hien zu Roum vum Sandro Pertini, dem President vun der italieenescher Republik empfaangen an dekoréiert.

De 25. November 2002 krut hien d'Croix de l'Ordre de la Résistance à titre posthume.

Vun 1956 un huet de Luigi Peruzzi mat senger Famill an hirem Haus zu Monnerech gelieft. Hien ass do den 22. Juli 1993 gestuerwen.

Seng Memoiren[änneren | Quelltext änneren]

  • 1947 verëffentlecht de Luigi Peruzzi seng Erliefnesser aus dem Hinzerter KZ an der Zeitung Italia Libera. Am Laf vun de Joren erweidert hie seng Memoiren ëm d'Erliefnesser aus den 1930er Jore bis 1942.
  • Seng Memoire gëtt et an e puer Manuskript-Versiounen. Déi 'definitiv' Versioun, vun 1969, gouf 2002 an enger franséischer Iwwersetzung vum Verlag Le Phare zu Esch-Uelzecht verëffentlecht, zesumme mat detailléierten historeschen Annotatioune vum Denis Scuto.
  • 2008 goufen dës Memoiren, mat als Annex dem Auteur sengem Tagebuch vun 1944-1945 zu Berlin, vun der Maria Luisa Caldognetto am Verlag Metauro zu Pesaro (Italien) op Italieenesch verëffentlecht.
    D'Buch vun 2008 gouf de 27. Januar 2009 an der Abtei Neimënster vun der Maria Luisa Caldognetto virgestallt, dat a Presenz vum Auteur senge Kanner.
    Organiséiert gouf d'Presentatioun, an italieenescher Sprooch mat enger Simultaniwwersetzung op Franséisch, vum Kulturinstitut vun der italieenescher Ambassade zu Lëtzebuerg (Istituto Italiano di Cultura Lussemburgo), der Associatioun Convivium, dem Centre de documentation sur les migrations humaines, an dem Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster.[2]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Luigi Peruzzi, 2001 Le mie memorie: les mémoires d'un antifasciste italien au Luxembourg, déporté à Hinzert, iwwersat vun der Véronique Igel ; mat Notize vum Denis Scuto In: Tageblatt: Zeitung fir Lëtzebuerg. - Esch-sur-Alzette. - 2001, Nr. 107 (10. Mai), p. 15-16, ill. ; Nr. 109 (12./13. Mai), p. 25-27, ill. ; Nr. 115 (19./20. Mai), p. 21-24, ill. ; Nr. 120 (25./26. Mai), p. 21-24, ill. ; Nr. 126 (2./4. Juni), p. 25-28, ill. ; Nr. 137 (16./17. Juni), p. 19-21, ill. ; Nr. 142 (22./24. Juni), p. 29-31, ill. ; Nr. 148 (30. Juni/1. Juli), p. 29-31, ill. ; Nr. 154 (7./8. Juli), p. 27-30, ill. ; Nr. 160 (14./15. Juli), p. 21-23, ill.
  • Luigi Peruzzi, 2002. Mes Mémoires. Un antifasciste italien déporté au SS-Sonderlager Hinzert raconte. Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 398 S. (Mat detailéierten historeschen Annotatiounen a biographeschen Detailer vun no 1945 vum Denis Scuto. Iwwersetzung aus dem Italieenesche vun der Véronique Igel). ISBN 2-87964-056-3.
  • Luigi Peruzzi, 2008. Le mie Memorie e Diario di Berlino 1944-1945. A cura di Maria Luisa Caldognetto. Metauro Edizioni S.r.l. Pesaro. 414 S. ISBN 978-88-6156-027-7.
  • Denis Scuto, 2002. Luigi Peruzzi ou l'histoire des antifascistes italiens du Luxembourg sauvée de l'oubli. In L. Peruzzi, p. 7-39: Mes Mémoires. Le Phare, Esch-Uelzecht.
  • Germaine Goetzinger & Claude D. Conter (Koord.), 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature, Miersch. Publications nationales du ministère de la culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche. 687 S. (cf. S. 471). ISBN 978-2-919903-06-1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Denis Scuto 2002, S. 31. In Luigi Peruzzi: Mes Mémoires.
  2. Fir d'Nimm vun den Organisateuren: cf. d'Invitatiounskaart vun der Presentatioun.