Luis Arce
| Luis Arce | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
68. President vu Bolivien | |
| 8. November 2020 - 8. November 2025 | |
| Virgänger | Jeanine Áñez |
| Nofollger | Rodrigo Paz Pereira |
| Partei | Movimiento al Socialismo |
| Biographie | |
| Gebuertsnumm | Luis Alberto Arce Catacora |
| Gebuer |
28. September 1963 La Paz |
| Nationalitéit | Bolivien |
| Educatioun |
Universidad Mayor de San Andrés, University of Warwick |
|
| |
De Luis Alberto Arce Catacora, gebuer den 28. September 1963 zu La Paz, ass e bolivianeschen Ekonomist, Héichschoulenseignant, Politiker (MAS). Hie war vum 8. November 2020 bis den 8. November 2025 President vu Bolivien.
No sengem Ekonomiesstudium huet de Luis Arce vun 1987 bis 2006 bei der bolivianescher Zentralbank geschafft an op verschiddenen Universitéiten an Europa, Nord- a Südamerika Coursë ginn.
2006 gouf hie Finanzminister ënner dem President Evo Morales an 2009 Finanz- a Wirtschaftsminister. Direkt am Ufank huet hien d'Pëtrols- an Äerdgasquellen am Land verstaatleche gelooss.
Am Oktober 2020 huet den Arce, als MAS-Kandidat, d'Presidentschaftswalen mat 54,4 % Majoritéit gewonnen. Den 8. November 2025 huet de Rodrigo Paz Pereira hien ofgeléist.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Luis Arce – Biller, Videoen oder Audiodateien |
