Luis Guillermo Solís

Vu Wikipedia
Luis Guillermo Solís
Gebuer 25. Abrëll 1958
Nationalitéit Costa Rica
Educatioun Universitéit vu Michigan,
Tulane University
Aktivitéit Politiker, Historiker, Diplomat, Universitéitsprofesser

De Luis Guillermo Solís Rivera, gebuer de 25. Abrëll 1958 zu San José, a Costa Rica, ass e costa-ricaneschen Historiker, Diplomat a Politiker. Hie war vum 8. Mee 2014 bis Abrëll 2018 President vu Costa Rica.

De Solís huet Geschicht a Latäinamerikanistik studéiert. 1981 gouf en Dozent fir Geschicht a Politikwëssenschaft op der Universidad Nacional de Costa Rica an der Universidad de Costa Rica (UCR). 1999–2002 war e Prodekan vun der Sozialwëssenschaftlecher Fakultéitt vun der UCR.

Ufanks war de Solís Member vun der Partido Liberación Nacional (PLN). 1986 bis 1990 war hie Chef de Cabinet am Ausseministère, wou hie mat de Friddensplang vfir Zentralamerika ausgeschafft huet fir deen de President Arias 1987 Friddensnobelpräis krut. 1994 bis 1998 war hien Ambassadeur a Panama, duerno Ambassadeur fir zentralamerikanesch Affairen an duerno Generaldirekter fir Aussepolitik an der Regierung vum President José María Figueres Olsen. 2005 ass hien, mat anere wichtege Memberen, aus der PLN ausgetrueden, a gouf 2009 Member vun der Partido Acción Ciudadana (PAC).

2013 gouf de Solís vu senger Partei zum Kandidat fir d'Presidentewale gewielt. Am éischten Tour louch hie virum Johnny Araya Monge vun der PLN, soudatt dee seng Kandidatur zeréckgezunn huet. De 6. Abrëll war trotzdeem en 2. Tour, wou bei enger Walbedeelegung vu 56,6 % der 77,8 % fir hie gestëmmt hunn.[1],[2] Den 8. Mee 2014 huet hien ofiziell säin Amt iwwerholl.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luis Guillermo Solís – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Peter Gaupp: Triumph für Luis Guillermo Solís — Costa Rica wählt den «Präsidenten des Wandels». Neue Zürcher Zeitung, 7. April 2014.
  2. Solís ist der Sieger. taz.de, 7. April 2014
  3. "Neuer Präsident Luis Guillermo Solís ins Amt eingeführt|" Neue Zürcher Zeitung, 2014-05-09.