Luis and the Aliens

Vu Wikipedia
Luis and the Aliens
Film
Produktiounsland Däitschland
Lëtzebuerg
Dänemark
Première 2. Mäerz 2018[1]
Dauer 86 min
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Christoph a Wolfgang Lauenstein, Sean McCormack
Dréibuch Christoph a Wolfgang Lauenstein
Musek Martin Lingnau, Ingmar Süberkrüb
Schnëtt Peter Mirecki
Produzent Emely Christians, Jean-Marie Musique, Christine Parisse
Produktiouns-
gesellschaft
Ulysses Filmproduktion
Fabrique d'images
A. Film
Schauspiller
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Luis and the Aliens ass en Animatiounsfilm fir Kanner aus dem Joer 2018. Et handelt sech ëm eng däitsch-lëtzebuergesch-dänesch Koproduktioun.

Den lëtzebuergeschen Titel ass Meng Kollegen aus dem All. Den däitschen Titel vum Film ass Luis und die Aliens an dee franséische Léo et les extraterrestres.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Fir den zwielefjärege Luis ass d'Liewen net liicht. Säi Papp Armin ass fest dovun iwwerzeegt, datt et Ausserierdescher an UFOe ginn. Dowéinst gëllt de Luis a senger Schoul als komeschen Aussesäiter. Hie selwer awer gleeft net un Aliens, bis enges Dag déi dräi Ausserierdesch Mog, Nag a Wabo direkt viru senger Nues eng Brochlandung hileeën. De Luis an déi lëschteg Geselle gi séier Frënn, mee doduerch fänkt fir hien och eng geféierlech Aventure un. Hie muss de Mog, Nag a Wabo bei enger wichteger Missioun hëllefen a si dobäi och nach viru sengem Papp geheim halen, an och verhënneren, datt de Schouldirekter an d'Internatsdirektesch Madame Diekendaker hien op d'Internat schécken.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Fabrique d'images am Juli 2015 e Subside an Héicht vun 1,9 Milliounen Euro accordéiert, fir de Film, deen deemools nach Luis & His Friends From Outer Space geheescht huet, ze produzéieren.[2] De Filmfong hat schonn am Februar 2015 e Subside vun 30.000 Euro ginn, fir d'Dréibuch ze entwéckelen.[3]

Déi lëtzebuergesch Versioun gouf vum Jang Linster produzéiert.[4] D'Synchronstëmme kommen ënner anerem vum Yannik Sand, Christophe Strotz, Simon Larosch, Jang Linster, Al Ginter a Maggy Molitor.

De Film hat seng Avant-Première am Februar 2018 um LuxFilmFest. Do krut en de "Prix Coup de Cœur Enfants".[1]

Beim Lëtzebuerger Filmpräis 2018 war de Film an der Kategorie "Beschte Fiktiouns- oder Animatiounssspillfilm (laang)" nominéiert. An der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun an engem Animatiounslaangfilm" waren dem Film seng Animatiounsekipp an de Ko-Regisseur Sean McCormack fir d'Dréibuch nominéiert.

A Frankräich waren 220.790 Leit de Film an de Kino kucken.[5] Weltwäit huet Luis and the Aliens iwwer 12,6 Milliounen US-Dollar eragespillt.[6]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel de Film an der däitscher Press éischter positiv Kriticke krut, sinn déi an den engleschsproochege Länner gréisstendeels negativ ausgefall.[7]

Thomas Vorwerk, filmstarts.de:[8]

Animationstechnisch kann „Luis und die Aliens“ nicht mit der Konkurrenz aus Hollywood mithalten, aber das wird mit viel Humor und Einfallsreichtum wettgemacht. Sehenswerte Unterhaltung für die ganze Familie.

Marine Quinchon, Le Parisien:[9]

Voilà un film sympathique pour les enfants qui devraient facilement s'identifier à l'un des jeunes personnages [...]. Si le scénario et l'animation sont très classiques, ce dessin animé réussit à garder le rythme et offre une fin surprenante qui achèvera de séduire toute la famille.

Manfred Riepe, epd Film:[10]

Der liebevoll inszenierte Animationsfilm erscheint von den ersten Szenen an erstaunlich professionell. [...] Mit »Luis & die Aliens« gelingt den beiden ein visuell an amerikanischen Sehgewohnheiten orientierter Abenteuerfilm, der Genremuster aufgreift, augenzwinkernd variiert und mit Motiven des Unheimlichen spielt. [...] Ein spritziger, temporeicher Film mit vielen Comedy-Elementen, der technisch nicht ganz so ausgereift ist wie die Konkurrenz aus Hollywood, dieses Defizit aber mit entfesselter Fantasie kompensiert

Tara Brady, The Irish Times:[11]

It's hard to believe the makers of this atrocious continental mess once won an Oscar. [...] The dialogue is unspeakable. Or it should be. [...] Almost 30 years ago, Christoph and Wolfgang Lauenstein won an Oscar for their animated short film Balance. This is a long way down from that accolade. Clear off back to outer space.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 De Film um Site vum LuxFilmFest (gekuckt de 4. Juli 2022)
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions juillet 2015
  3. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2015
  4. De Film op jangli.com
  5. De Film op allocine.fr
  6. De Film op boxofficemojo.com
  7. De Film op rottentomatoes.com
  8. Luis und die Aliens vum Thomas Vorwerk (net datéiert)
  9. leparisien.fr: «Léo et les extra-terrestres» : amusant vum Marine Quinchon (8 mai 2018)
  10. epd-film.de: Kritik zu Luis & die Aliens vum Manfred Riepe (16. Mee 2018)
  11. Luis and the Aliens: Unfit for human consumption vum Tara Brady (24. August 2018)