Lumen (Film)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Informatiounen

Film
Originaltitel: Lumen
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Däitschland
Première: 2006
Dauer: 30 Minutten
Originalsprooch: Däitsch
Equipe
Regie: Philip Koch
Dréibuch: Philip Koch
Fotografie: Stefan Linn
Musek: Philip Koch
Produzent: Bernard Michaux
Schauspiller
Victoria Deutschmann
Julia Thurnau
Luc Feit
André Jung
Martin Carnevali
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Lumen ass eng Filmproduktioun vun der Lucil Film s.à r.l.

De Kuerzfilm gouf 2006 mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong an dem däitsche Bundesbeauftragten fir Kultur a Medien, a Koproduktioun mat dem bayeresche Runrndfunk, gedréint.

De Film ass am Cinemascope gedréit an hat de 17. Januar 2007 um Filmfestival Max Ophüls Preis seng Weltpremière, an den 3. Mee 2007 seng Lëtzebuerger Première am Kino Utopia.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Lumen erzielt d'Geschicht vun enger jonker Fra, déi eng schwéierer Liichtallergie huet, a gezwongen ass, an engem däischteren Haus ze liewen.

D'Franka lieft mat hirem Papp an hirer grousser Schwëster an dem gemeinsamen Familljenhaus - e Liewe voller Léift, Respekt, a Gebuergenheet, dat et hir méiglech mécht, sech mat hirer schwéierer Krankheet ofzefannen.

Mä mam Doud vum Papp schéngt sech alles z'änneren. D'Haus ass fir déi zwou Diechter ze grouss an ze deier. Dofir entscheet déi grouss Schwëster, d'Haus ze verkafen a mat hirem Frënd, der Franka hirem Dokter, zesummen ze wunnen. Fir d'Franka géif eng Welt zesummebriechen, well domat géif si alles verléiere wat hir an hirem Liewen Halt gouf. D'Franka ass fest decidéiert, alles ze maachen, fir hir Schwëster vum Plang, d'Haus ze verkafen, ewechzebrengen - och wa se dofir Sacrificer aktzeptéiere muss...

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]