Lunéa
Ausgesinn
Lunéa ass e Label vun der SNCF fir Nuetszich deen 2004 gegrënnt gouf an zanterhier eng ganz Rei vun Zuchstrecke bedreift.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]- Zanter 2004 ginn all Joer 2 bis 3 Verbindungen ofgeschaaft, well si net méi rentabel sinn.
- D'Lunéazich hunn e bekannte Problem a Punkto Hygiène.[1],[2],[3]. Virun allem den Alter vum Material an d'Feele vun Investitiounen an dëse Service suerge fir eng extreem Rezessioun an de Voyageurszuelen.
- Bis 2009 huet de Service Corail Lunéa geheescht a gouf dunn aus Marketing Grënn ëmbenannt.
- De Lunéa ass e reng franséische Service, et gëtt keng Linnen déi méi wäit féiere wéi déi éischt Gare hanner der Grenz.
- Den Ausbau vun der Nord-Südverbindung fir den TGV huet eng Rei Lunéazich iwwerflësseg gemaach.
- D'Zukunft vum Service gëtt dacks a Fro gestallt. E Weiderbestoen iwwer d'Joer 2012 eraus ass nach net geséchert.[4]
Linnen
[änneren | Quelltext änneren]Et ënnerscheet ee bei de Lunéa-Linnen tëscht de radialen Linnen, déi als Depart oder Arrivée ëmmer Paräis hunn an den transversale Linnen déi net zu Paräis passéieren.
Radial Linnen
[änneren | Quelltext änneren]- Paräis-Ventimiglia (Ex-"Train Bleu") via Toulon, Les Arcs-Draguignan, Saint-Raphaël, Cannes, Antibes, Nice, Monaco a Menton.
- Paräis-Hendaye/Irun an Tarbes (Ex-"La Palombe bleue") via Dax, Bayonne, Biarritz, Saint-Jean-de-Luz, Pau a Lourdes
- Paräis-Saint-Gervais/Chamonix (Ex-"La Vallée blanche") via Annecy, Sallanches-Megève.
- Paräis-Albi via Les Aubrais-Orléans, Rocamadour, Figeac, Rodez a Carmaux
- Paräis-Briançon (Ex-Val de Durance) via Die, Gap an Embrun.
- Paräis-Bourg-Saint-Maurice (Ex-"Etoile des neiges" an "Tarentaise") via Chambéry, Albertville, Aime-La-Plagne.
- Paräis-Cerbère/Port-Bou (Ex-"Paris-Côte-Vermeille") via Les Aubrais-Orléans, Carcassonne, Narbonne, Perpignan.
- Paräis-Toulouse (Ex-"Occitan") via Les Aubrais-Orléans, Cahors, Montauban.
- Paräis-Latour-de-Carol/Font-Romeu via Les Aubrais-Orléans, Foix an Andorra-l'Hospitalet.
- Paräis-Luchon via Saint-Gaudens.
Transversal Linnen
[änneren | Quelltext änneren]- Stroossbuerg-Port-Bou/Cerbère via Mulhouse, Besançon, Avignon, Perpignan.
- Lëtzebuerg-Port-Bou/Cerbère via Metz, Nanzeg, Avignon, Perpignan.
- Stroossbuerg-Nice (Ex-"Alsace-Riviéra") via Mulhouse, Besançon, Marseille, Toulon a Cannes.
- Lëtzebuerg-Nice (Ex-"Lorazur") via Metz, Nanzeg, Marseille, Toulon a Cannes.
- Nantes-Nice (Ex-"Océan-Riviéra"), via La Rochelle, Bordeaux, Marseille, Toulon a Cannes.
- Quimper-Lyon (Ex-"Rhône-Océan") via Nantes, Angers.
- Bordeaux-Nice (Ex-"Autan") via Toulouse, Marseille, Toulon, Cannes.
- Hendaye/Irun-Nice (Ex-"Côte Basque-Riviéra"), via Biarritz, Tarbes, Toulouse, Marseille, Toulon, Cannes.
- Hendaye/Irun-Genève (Ex-"Hispania"), via Biarritz, Lourdes, Tarbes, Toulouse, Lyon.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- Ufanks hunn d'Lunéazich aus Schlofwaggonen a Couchette-Voiturë bestanen, eng Mëschung déi eppes fir all Portmonni gebueden huet.
- Vun 2000 un, gouf ugefaangen d'Schlofwaggonen aus de Lunéazich ze sträichen, well d'Demande staark nogelooss huet an eng Rei Verbindungen huet missen ofgeschaaft ginn. Mat Couchette-Voituren, déi méi bëlleg sinn, gouf probéiert eng nei Clientell ze gewannen.
- Enn 2007 sinn d'Schlofwaggonen dunn definitiv aus dem Verkéier gezu ginn. Als lescht Verbindunge waren se tëscht Lëtzebuerg an Nice, souwéi tëscht Paräis a Ventimiglia ënnerwee.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Article vum Juli 2007 aus den 20 minutes.
- ↑ Article vum August 2007 aus Le Nouvel Observateur.
- ↑ Article Juni 2007 op Tourmag.com [1].
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 24.01.2010. Gekuckt de(n) 24.05.2010.