Lunar Zäitskala

Vu Wikipedia
Viischt Äerdmoundsäit mam Alter vun de Strukturen
Krater: 1a – Nektaresch
             1b – Imbresch
             1c – Eratosthenesch
             1d – Kopernikanesch
Mare: 2a – Prenektaresch
           2b – Nektaresch
           2c – Fréiimbresch
           2d – Spéitimbresch
           2e – Eratosthenesch

D'lunar Zäitskala deelt d'Entstoe vun der Uewerfläch vum Äerdmound a sechs Zäitalteren oder Perioden an, deenen hiren Ufank an Enn sech u bestëmmten Evenementer festhalen. Déi absolut Datéierunge goufe mat Hëllef vum Moundgestengs deen d'Apollo-Astronaute matbruecht hate festgehalen. Mat där Datéierung konnte mam Ziele vun der Kraterheefegkeet weider Datéierungen ofgeleet ginn.

Duerch géigesäiteg Iwwerlagerung vu Strukture kritt een zousätzlech relativ Datéierungen, z. B. ass e méi klenge Krater an engem méi grousse Krater offensichtlech méi jonk.

Preimbreschen Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

A villen Héichlänner vum Mound kënne Planetologen am Ament nach net tëscht nektareschem a prenektareschem Material ënerscheeden, dofir gëtt dat Gestengs heefeg ënner der Bezeechnung "preimbresch" zesummegefaasst.

Prenektaresch Period[änneren | Quelltext änneren]

D'prenektaresch Period huet vun der Genesis vum Äerdmound bis zum Aschlag, bei demm d'Mare Nectaris entstanen ass, gedauert, also vu virun 4.600 bis ëm 3.920 Millioune Joer.

Nektaresch Period[änneren | Quelltext änneren]

D'nektaresch Period fänkt mamm Mare-Nectaris-Aschlag un an war mam Aschlag, deen d'Mare Imbrium gebilt hat zu Enn. Déi Period huet vun 3.920 bis 3.850 Millioune Joer virun haut gedauert.

Imbreschen Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

Fréi-imbresch Period[änneren | Quelltext änneren]

D'fréi-imbresch Period fänkt mam Aschlag, duerch deen d'Mare Imbrium entstoung (viru ronn 3.850 Millioune Joer), un a war mat der Formatioun vum Mare Orientale um Enn. D'Genesis vum Mare Orientale ass net sécher datéiert. A Fro kënnt een Zäitraum vun tëscht 3.840 an 3.720 Millioune Joer virun haut.

Spéit-imbresch Period[änneren | Quelltext änneren]

D'spéit-imbresch Period fänkt mat der Genesis vum Mare Orientale un an endegt mat der Iwwerschwemmung vum Marebecke mat geschmolzenem Basalt viru ronn 3.150 Millioune Joer.

Eratostheneschen Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

Am Erathosteneschen Zäitalter gëtt de Vulkanismus vum Äerdmound lues a lues méi schwaach. Hien ass nom Moundkrater Eratosthenes genannt, deem seng Genesis den Ufank vum Zäitalter viru ronn 3.150 Millioune Joer markéiert. Um Enn vum Zäitalter viru ronn 1.100 Millioune Joer gëtt et keen nennenswäerte Moundvulkanismus méi.

Kopernikaneschen Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

De Kopernikaneschen Zäitalter ass d'Zäit vum Entstoe vun den helle Stralekrateren, fir déi de Krater Copernicus e markant Beispill ass. D'Genesis vum Copernicus virun zirka 800 Millioune Joer[1] definéiert awer net den Ufank vum Zäitalter. Et dauert vu viru ronn 1.100 Millioune Joer bis haut. An deem Zäitalter ass de Moundvulkanismus gréisstendeel op en Enn gaangen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Charles J. Byrne: The far side of the moon – a photographic guide. Springer, New York, NY 2008, ISBN 978-0-387-73205-3, S. 12, Table 3.1 „Estimates of absolute ages of the periods.“
  • D. Stöffler, G. Ryder: Stratigraphy and isotope ages of lunar geological units: chronological standards for the inner solar system. Space Science Review 96 (2001), S. 9–54,
  • Don Wilhelms: Geologic History of the Moon. U.S. Geological Survey Professional Paper 1348, 1987, online

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Stöffler, Ryder: Stratigraphy and isotope ages of lunar geological units. 2001, S. 34