Op den Inhalt sprangen

Lunghi-RTL-Affär

Vu Wikipedia

D'Lunghi-RTL-Affär geet op eng Poleemik am Kader vun engem Interview vun RTL Télé Lëtzebuerg den 13. September 2016 zeréck, déi mat enger Geriichtsaffär iwwer zéng Joer viraussiichtlech am Fréijoer 2026 op en Enn kënnt.

Wat war geschitt?

[änneren | Quelltext änneren]

Wärend deem Interview huet den deemolege Mudam-Direkter Enrico Lunghi der Freelancerin Sophie Schram de Mikro ewechgedréckt, well hie „genervt“ war vun enger repetitiver Fro vun der Sophie Schram iwwer d'Kënschtlerin Doris Drescher; den Enrico Lunghi ass doropshin den 3. Oktober an der Sendung « Den Nol op de Kapp », ënnert dem Titel «NOL: RTL-Journalistin hellt Mudam-Direkter op d'Geriicht », der « Aggressioun mat coups et blessures volontaires » beschëllegt ginn. D'Sendung gouf och ze verstoen, dat schonn eng Plainte géint hien deposéiert gi wier.

Den Dag drop huet de Premier Xavier Bettel d'Press convoquéiert an ëffentlech eng Disziplinarprozedur géint den Enrico Lunghi annoncéiert, ouni mat him geschwat ze hunn an ouni datt hie säi Patron gewiescht wier (den Enrico Lunghi ënnerstoung dem CA vum Mudam a war am « congé sans solde » vun der fonction publique).

De 5. Oktober huet den Enrico Lunghi sech offiziell fir seng Opreegung (« de s'être emporté ») wärend dem Interview bei der Sophie Schram entschëllegt. RTL huet de selwechten Owend rapportéiert, datt d'Plainte géint hie géif zeréckgezu ginn (wéi et sech duerno erausgestallt huet, war ni eng Plainte gemaach ginn).

De 6. Oktober huet de Verwaltungsrot vum Mudam – no enger réunion extraordinaire – e Communiqué publizéiert an deem en dem Lunghi säi Behuele bedauert (« regrette profondément l'attitude déplacée et désaprouve son emportement lors de son interview ») mä no him sengen Entschëllegunge géif de Verwaltungsrot säi Vertrauen an den Directeur général erneieren (« sur la base des explications et excuses fournies… le conseil a décidé de réitérer sa confiance en son directeur général »). Wéi et sech duerno erausgestallt huet, hat de Verwaltungsrot schonn de 5. Oktober d'Opzeechnung (d'Rushen) vum ganzen Interview vum 13. September kritt – en hätt also éischter kënnen de wierkleche Verlaf vum Interview novollzéien.

De Premier Bettel huet trotzdeem op d'Disziplinarverfare bestanen, dat zum Schluss op eng Verwarnung ausgelaf ass, déi klengstméiglech Disziplinarstrof.

Den Enrico Lunghi hat an der Tëschenzäit seng Demissioun als Direkter vum Mudam agereecht (31. Oktober). Et entstoung dunn eng grouss Poleemik, wärend där hie vill Ënnerstëtzung am Land an aus dem Ausland krut, a wärend där, ë. a., RTL d'komplett Rushe publizéiert huet (14. November), de Premierminister sech virum Parlament huet erkläre missen (28. November), d'Sendung « Den Nol op de Kapp » ofgeschaaft gouf (28. November), den Direkter vun RTL Lëtzebuerg Alain Berwick demissionéiert huet (2. Dezember, e puer Deeg virun enger Generalversammlung vun CLT-UFA), RTL e « Comité d'éthique » gegrënnt huet fir änlech Situatiounen an Zukunft ze vermeiden (7. Dezember), d'ALIA (den 12. Januar 2017) an de Presserot (4. Abrëll 2017) en ëffentleche Blâme géint RTL ausgesprach hunn.

An hirem Rapport an Zesummenhang mam Blâme géint RTL, schreift d'ALIA ë. a. datt d'Audio- a Videospueren an der Sequenz déi den 3. Oktober 2016 gewise gouf, net méi synchron sinn an datt ongeféier 20 Sekonne vum Interview feelen. De Bäitrag wär kloer manipuléiert ginn a géif eng Realitéit presentéieren, déi ni existéiert hätt; domat hätt d'CLT-Ufa, d'Mammegesellschaft vun RTL, explizitt géint de Konzessiounsvertrag mam Staat verstouss.

Am Laf vun der Affär sinn och de Marc Thoma bei RTL entlooss resp. déi fräiberufflech Mataarbechterin Sophie Schram net méi vun RTL beschäftegt ginn.

Enn Dezember 2016 huet den Enrico Lunghi eng « Plainte contre X » am Penal agereecht. Dräi Joer drop si wärend der Ermëttlung fënnef Ukloen ausgesprach ginn an zwar géint d'Freelancerin Sophie Schram, géint de Marc Thoma, Journalist a Responsabel vun der Sendung « Den Nol op de Kapp », géint de Steve Schmit, Responsabel vun de Programmer, géint den Alain Berwick, CEO vun RTL-Lëtzebuerg, a géint CLT-UFA (Bertelsmann).

Am Oktober 2023 koum et dunn zum Prozess an deem et haaptsächlech drëm goung fir erauszefannen, ob d'Emissioun, sou wéi se den 3. Oktober 2016 ausgestraalt gouf, als Diffamatioun a Verleumdung kann ugesi ginn a wie schlussendlech dofir gesuergt, datt d'Segment an dëser Form ausgestraalt gouf? De 14. Dezember 2023 ass d'Urteel an éischter Instanz gesprach ginn: de Marc Thoma an d'Sophie Schram sinn zu enger Geldstrof vun allkéiers 1.000 Euro wéinst Diffamatioun verurteelt ginn a mussen dem Enrico Lunghi de symboleschen Euro bezuelen. D'Affekote vu béide Parteie sinn an Appell gaangen, an am Mee 2025 war d'Verhandlung virum Appellsgeriicht. D'Urteel dat den 29. Oktober hätt solle gesprach ginn, gouf wéinst Krankheet vun engem Riichter ausgesat. En neien Termäin ass fir de Mäerz 2026 geplangt[1].

  • Gaeng, Catherine. Lynchage médiatique et abus de pouvoir: chronique de l’affaire « Lunghi/RTL/Bettel ». Luxembourg: Catherine Gaeng, 2018. ISBN 978-99959-0-394-7
  • Gaeng, Catherine. « Donc, nous avons menti au public »: dans la coulisse de l’affaire Lunghi/RTL/Bettel. S.l: Catherine Gaeng, 2021. ISBN 978-99959-0-655-9

Quelle vum Artikel, wou net anescht uginn

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (lb) RTL/Lunghi: Appelsurteel wéinst "Rupture du délibérée" verréckelt (26.09.2025). Gekuckt den 13.12.2025.