Lutetia

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat der réimescher Stad Lutetia. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Lutetia (Homonymie).
Plang vu Lutetia aus dem 18. Joerhonnert: Lutèce conquise par les François sur les Romains ou second plan de la ville de Paris.

Lutetia (lat.: Lutetia Parisiorum) ass den anticken Numm vun enger Uertschaft déi spéider d'Stad Paräis ginn ass. Ëm 300 huet Lutetia den Numm Paris kritt, duerch de gallesche Stamm vun de Parisii, deen zanter dem 3. Joerhonnert v. Chr. op dëser Plaz gewunnt huet.

Éischt Siidlungsreschter um Gebitt vu Paräis stamen aus der Zäit ëm 4000 v. Chr. Et gëtt Reschter aus der Bronzezäit an der Eisenzäit. Den Numm Lutetia gëtt fir d'Joer 53. v. Chr. fir d'éischt Kéier vum Gaius Iulius Caesar genannt, an als Uertschaft beschriwwen, déi op enger Insel läit. Laut dem Caesar war Lutetia d'Haaptuertschaft vum keltesche Stamm vun de Parisii. Archeologesch Iwwerreschter aus dëser Zäit sinn awe seelen, soudatt och net ganz genee gesot gi kann, wou d'Keltestad war. Historiker hu versicht, d'Île de la Cité, eng Insel op der Seine als Standuert vun der keltescher Stad z'identifizéieren. D'Ausgruewungen op dëser Plaz hunn awer bal keng pre-réimesch Reschter bruecht.

Déi eelst Iwwerreschter (italesch Amphoren, Fibelen) aus réimescher Zäit, nodeem Gallien zum réimesche Räich gezielt ginn ass, datéieren ëm 4030 v. Chr., mä si goufen ouni Kontext fonnt, soudatt nëmme wéineg iwwer eng fréi réimesch Uertschaft gesot gi kann. Et gëtt ugeholl datt d'Stad aus engem Militärlager ervirgaangen ass, mä och dofir konnte keng eendeiteg Beweiser fonnt ginn.

Déi eigentlech Stad gouf wuel am fréien 1. Joerhonnert gegrënnt, an hat dräi Schwéierpunkter. Op der lénkser Säit vun der Seine war den eigentlechen Zentrum. D'Île de la Cité, eng Insel, war e weidere Schwéierpunkt, an op der rietser Säit vum Floss gouf et eng Virstad. Déi drä Staddeeler waren duerch Brécke matenee verbonnen.

D'Stad lénks (südlech) vun der Seine krut e Stadplang wéi e Schachbriet mat Haiserbléck (Insulae) vun 300×300 réimesch Fouss (88,8×88,8 m), woubäi dëst Stroossegitter net strikt duerchgezu gouf. Am Südoste gouf et z. B. eng Strooss, déi vu Lyon koum, an déi diagonal an den Zentrum vun der Stad gefouert huet. Onschonns et wuel eng wichteg Stad war, war Lutetia keng Provënzhaaptstad, mä krut seng Bedeitung wuel besonnesch als Kräizung vu wichtegen Handelsweeër.

Trotz der Bedeitung a Gréisst vun der Stad schéngt si keng Stadmauere gehat ze hunn. Wéi an der Mëtt vum 3. Joerhonnert d'politesch Lag a Gallien ëmmer méi onsécher ginn ass, huet sech d'Stad ëmmer méi op d'Île de la Cité zeréckentwéckelt. Deeler vun der fréierer Stad goufen als Kierfechter benotzt, mä d'Staddeeler lénks vun der Seine schéngen och ni ganz verlooss ginn ze sinn. Den Historiker Ammianus Marcellinus schwätzt vun enger Virstad (suburbia), wat op verschidde Staddeeler hindeit. Deeler vun der Stad goufe, wéi sou dacks, als Steebroch benotzt. Ëm 300 ass fir d'éischt Kéier den Numm Paris ernimmt ginn. D'Plaz ass aus politescher Siicht wichteg bliwwen: Zanter 355 huet hei de Caesar (Ënnerkeeser) Julian Apostata gewunnt, deen och do 360 zum Augustus (Uewerkeeser) ausgeruff ginn ass. A sengem Misopogon huet hien d'Stad kuerz beschriwwen:

Ich hielt mich damals im Winterquarter in meinem lieben Lutetia auf: So nennen die Kelten den Hauptort der Parisier. Die Zitadelle liegt auf einer kleinen Insel mitten im Fluss, rings von einer Mauer umgeben, hölzerne Brücken führen von beiden Ufern hinüber.[1]

Lutetia war 365366 d'Residenz vum Valentinian I. bei senge Feldzich géint d'Germanen. Am 4. Joerhonnert krut d'Stad eng Stadmauer, déi nach am fréie Mëttelalter do stoung.

Bauten[änneren | Quelltext änneren]

D'Arena vu Lutetia[änneren | Quelltext änneren]

D'Arena vu Lutetia gouf am 1. Joerhonnert gebaut, a war e réimeschen Amphitheater. Et war en hybride Komplex: de Bau hat déi typesch Forme vun engem Amphitheather mat engem Hallefkrees (cavea) an enger frontaler Zeen vu 40 Meter Längt. Ausserdeem hat d'Bauwierk awer och eng elliptesch Arena, déi 52 Meter laang a 46 Meter breet war, fir Gladiatorekämpf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Arena vu Lutetia.

Den Theater[änneren | Quelltext änneren]

Lutetia hat och en Theater. 1861 goufe Maueren ënner dem Lycée Saint-Louis fonnt. Laut de Rekonstruktiounen hat dat Gebai d'Moosse vun op d'mannst 72 × 47 Meter.

D'Thermen[änneren | Quelltext änneren]

Maquette des thermes de Cluny

Zu Lutetia gouf et e puer réimesch Thermen, vun deenen déi wichtegst am Norde vun der Stad louchen (haut Musée de Cluny). Hir Konstruktioun gouf zu engem Deel vun de Schëffer finanzéiert (2. an 3. Joerhonnert). D'Schëffersail, déi 1710 ënner de Fondatioune vun Notre-Dame fonnt ginn ass, besteet aus 5 Bléck Steen mat Skulpturen. Si gouf ënner dem Tiberius (14-37) gebaut.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schëffersail.

Aner Monumenter[änneren | Quelltext änneren]

D'archeologesch Ausgruewungen hu keng Spuere vun engem Circus (Hippodrom fir Päerdscoursen) gewisen. Aus literaresche Quellen (virun allem Grégoire vun Tours) geet awer ervir, datt et wuel provisoresch Installatioune fir Coursse mat de Ween gouf (Quadriga).

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lutetia – Biller, Videoen oder Audiodateien
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 340D, Iwwersetzung vum Marion Giebel, Julian Aposta, Der Barthasser, Stuttgart 1999, S. 11. (ISBN 3-15-009767-3)