LuxGovSat

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

LuxGovSat S.A. ass de (provisoreschen) Numm vun enger Aktiegesellschaft, déi den 12. Februar 2015 als eng Joint Venture vum Lëtzebuerger Staat an der Société Européenne des Satelites (SES), déi jee 50 % vun de Parten hunn, gegrënnt gouf.[1]

Si bedreift en Telekommunikatiounssatellit fir militäresch a staatlech Zwecker, den SES-16/GovSat, dee beim US-amerikanesche Constructeur Orbital ATK bestallt gouf an den 31. Januar 2018 op d'Orbitalpositioun 21,5° Ost bruecht gouf fir Europa, de Mëttleren Osten an Afrika ofzedecken.[1]

De Lëtzebuerger Staat léisst seng Bedeelegung an déi vun der SES, wat zweemol 50 Milliounen Euro ausmécht, (derbäikommen der 125, déi geléint ginn) als Kontributioun zu der Verdeedegung vum Land bei der NATO urechnen. D'NATO fuerdert nämlech vun hire Memberen, datt si 2 Prozent vum PIB fir Verdeedegungszwecker sollen ausginn - wouvu Lëtzebuerg bis dohin, mat ronn 200 Milliounen d'Joer (wat ca. 0,4 Prozent vum BIP entsprach huet) wäit ewech war. Sou kommen 100 Milliounen d'Joer bäi, an d'NATO kann d'Kapassitéite vum Satellit 10 Joer laang fir sech ausnotzen.[2]

Den éischten Direkter ass de Patrick Biewer.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "L’État et SES créent la joint-venture "LuxGovSat" et commandent un satellite." gouvernement.lu, Communiqué vum 16.02.2015 (11:59).
  2. "Verteidigung aus dem Weltraum.* journal.lu, 16.2.2015.
  3. "LuxGovSat bekommt ein Gesicht." tagebaltt.lu, 03. Juni 2015 09:15; Akt: 03.06.2015 09:23.