LuxTrust
| LuxTrust | |
|---|---|
![]() | |
| Typ | Société anonyme (Lëtzebuerg) |
| Grënnungsdatum | 2005 |
| Adress | 13-15, Parc d'activités |
| Sëtz | Capellen |
| Besëtzer | POST Luxembourg, LuxTrust Development |
| President | Serge Allegrezza |
| Branche | Onlineidentitéit |
| RCS | B112233 |
| Homepage | https://www.luxtrust.com/en |
|
| |

LuxTrust SA ass eng lëtzebuergesch Aktiegesellschaft am Beräich vun der Zertifikatioun vun digitalen Identitéiten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gesellschaft gouf 2005 vum lëtzebuergesche Staat, zesumme mat anere wichtegen Acteuren am Finanzsecteur gegrënnt.
LuxTrust huet e Kapital vun 12,42 Milliounen Euro(Stand: Enn Dezember 2021), dat gläichermoossen der Post Luxembourg an der LuxTrust Development SA gehéiert. D'Aktionäre vu LuxTrust Development sinn iwwerdeems: Lëtzebuerger Staat (38,58 %), SNCI (16,93 %), Spuerkeess, BGL BNP Paribas, BIL, Post, Chambre de commerce a Banque de Luxembourg zu jee 6,99 %, Bank Raiffeisen (0,46 %), Lëtzebuerger Bourse, SNCH an SNCA zu allkéiers 0,70 %.[1]
Missiounen an Ziler
[änneren | Quelltext änneren]D'Missioun vu LuxTrust Missioun ass et, fir vertrauenswierdeg Servicer unzebidden, déi sech op d'digital Identitéit vun Eenzelpersounen a Betriber konzentréieren. Et ass eng Zertifizéierungsautoritéit, déi elektronesch Zertifikater mat engem ganz héije Sécherheetsniveau ausstellt a verwalt. LuxTrust bitt Léisungen, déi et de Benotzer erlaben, sech eendeiteg bei Online-Partner ze authentifizéieren an Online-Transaktiounen elektronesch z'ënnerschreiwen.
Zu de Vertrauensdéngschter vu LuxTrust gehéieren:
- Identifikatioun an Authentifikatioun vu physesche Persounen;
- Erstelle vun elektroneschen Ënnerschrëfte fir physesch a juristesch Persounen;
- zertifizéiert Zäitstempelung;
- Validéiere vun Internetdomänen an Domainvalidatioun an Authentifikatioun vu Websäiten.
LuxTrust ass eng international zertifiéiert vertrauenswierdeg Drëttpersoun. All Servicer, déi vu LuxTrust ugebuede ginn, entspriechen der europäescher eIDAS-Reguléierung.[2]
Produkter
[änneren | Quelltext änneren]Hiert bekanntst Produkt ass d'LuxTrust Mobile App, mat Hëllef vun där ee seng Identitéit beim Online-Zougank op Internet-Sitte vu Banken, vun ëffentleche Verwaltungen asw. confirméiere loosse kann.[3] Aner Méiglechkeeten sech z'identifizéiere sinn: eng lëtzebuergesch eID, Smartcard, LuxTrust Scan oder e Signing Stick. Eng aner beléift Method, den Token ass Enn 2024 ofgeschaaft ginn, well en net méi sécher genuch war[4].
Banken an ëffentlech Verwaltungen zielen dann och zu hiren Haaptclienten.
Kritik
[änneren | Quelltext änneren]De Fait, dass LuxTrust e Quasi-Monopol zu Lëtzebuerg huet, gouf deelweis kritesch beliicht, wéi d'LuxTrust-App am Dezember 2025 iwwer een Dag laang komplett ausgefall war an deemno online keng Iwwerweisungen, Ausfëllen oder Ufroe vu Formulairen asw. méiglech waren.[5][6]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: LuxTrust – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Stand: Dezember 2018, gekuckt op lbr.lu, B228435 "Assemblée générale extraordinaire" vum 12.12.2018
- ↑ (fr) LuxTrust Development S.A.. tresorerie.public.lu (17.11.2025). Gekuckt den 21.12.2025.
- ↑ L'application LuxTrust. luxtrust.com (nogekuckt: 20.12.2025.
- ↑ (fr) Désactivation du Token | LuxTrust S.A.. LuxTrust. Gekuckt den 21.12.2025.
- ↑ Ingo Zwank, Nadine Schartz: "Störung behoben; LuxTrust wieder funktional, Ausfallzeit laut Delles aber 'inakzeptabel'." wort.lu, 17.12.2025.
- ↑ Raffael Wilmes, Tom Haas: "Technische Störung: Wenn Luxtrust hustet, hat Luxemburg die Grippe." tageblatt.lu, 17./18.12.2025.

