Luxaviation

Vu Wikipedia
LUXAVIATION
Gegrënnt: 2008
ICAO-Code LXA
Ruffzeechen: Red Lion
Sëtz: Lëtzebuerg
Flott: 11 (2017)
Destinatiounen: ganz Europa
D'Cessna vu Luxaviation

Luxaviation ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft, déi op Geschäftsflich (ë. a. Air-Taxi Servicer) spezialiséiert ass. Et ass, no Netjets (eng Filial vu Berkshire Hatheway vum Warren Buffet), deen zweetgréissten Organisateur vu Geschäftsflich op der Welt.

Grënner vun der Luxaviation Group ass de Patrick Hansen, mat Kapital ë. a. vum russesche Milliardär Nikolaj Bogaschew, via deem seng Firma Young Energy Prize (YEP). Méi spéit huet den China Minsheng Investment Group een Drëttel vum Kapital iwwerholl.[1]

Si besëtzt selwer wéineg Flijeren, wéi villméi Bedeelegungen (ganz oder majoritär) u Gesellschaften, déi am Organiséiere vu Flich a Privatflijeren Leader op hiren nationale Mäert sinn: Fairjets (Däitschland), Abelag (Belsch), IUnijet, London Executive Aviation (Vereenegt Kinnekräich), Masterjet (Portugal) an Execujet (Schwäiz).[1]

Am Juni 2017 hunn hir dës Flijere gehéiert:[2]

Fllijertyp Zuel bestallt Remarquen
Bombardier Challenger 300 02
Bombardier Challenger 605 01
Bombardier Global Express 01
Cessna Citation Excel/XLS(+) 03
Embraer Legacy 600 03
Piaggio P.180 01
Total 11

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luxaviation – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Sortlt, P. (2019) an der Literatur.
  2. airframes.org – LXA Fleet