Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History

Vu Wikipedia

De Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) ass en interdisziplinäre Fuerschungszentrum fir Zäitgeschicht vun der Universitéit Lëtzebuerg. Seng Fuerschungsschwéierpunkte sinn d'Industrialiséierung, den Zweete Weltkrich, d'Entstoe vun der Europäescher Unioun, d'Déngschtleeschtungsgesellschaft an d'Mediegeschicht, aus spezifesch lëtzebuergescher Siicht.[1]

Am Institut fir Zäitgeschicht sinn elo déi fréier autonom Instituter Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman, Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe, Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé, Centre de documentation et de recherche sur la résistance, souwéi Deeler vun der Uni Lëtzebuerg[1] regruppéiert.

En huet am Laf vun 2016 um Belval ugefaange mat schaffen. D'Resultater vun de Fuerschunge sollen ë. a. der breeder Ëffentlechkeet an de Geschichtscoursen an de Schoulen zugutt kommen.

Den 1. September 2016 huet de belschen Unisprofesser Andreas Fickers säi Mandat vu 5 Joer als Direkter vum neien Institut ugefaangen.[2],[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 dvv/Tageblatt.lu: "Zeitgeschichte wird erforscht." In: tageblatt 6. Juni 2015, S. 13.
  2. "Andreas Fickers als Direkter nominéiert." 100komma7.lu, 1. Jun 2016 - 17:28.
  3. Nomination du directeur de l'Institut d'histoire du temps présent, Ukënnegung um Site vun der Uni Lëtzebuerg
  • [Tageblatt], Zeitgeschichte für jeden - Universität: Neues Institut wurde am Montag offiziell eröffnet; in: Tageblatt, Ausgab vum 24./25. Mee 2017 (Nr. 121).