Luxembourg Little Big Band
D'Luxembourg Little Big Band, gekierzt LLBB, ass eng lëtzebuergesch Jazz-Bigband, déi 2016 gegrënnt gouf an de 4. Dezember 2016 am Stater Conservatoire hiren éischte Concert, am Kader vum 23. Telethon ginn huet. D'LLBB spillt Jazz-Standarden an Eegekompositiounen. D'Sängerin ass d'indonesesch Jazz-Sängerin Grace Gnad-Augustin.
Membere vun der LLBB (Stand 2016)[änneren | Quelltext änneren]
- Grace Gnad-Augustin - Gesank
- Pierre Kremer - Trompett, Bügel
- Charles Sander - Trompett, Bügel
- Paul Klein - Sopran-Saxofon
- Claude Weber - Alt-Saxofon
- Paul Dahm - Tenor-Saxofon
- Eugène Bozetti - Baryton-Saxofon, Klarinett, Accordina
- Gast Gnad - Posaun
- Alain Felly - Posaun
- Vincent Felly - Piano
- Arthur Possing - Vibrafon, Piano
- Tom Reiff - Bass
- Gilles Grethen - Gittar
- Const Kiffer - Schlogezai