Luxembourg Song Contest 2025

De Luxembourg Song Contest 2025 ass déi zweet Editioun vun deem Museksconcours, mat deem de lëtzebuergesche Bäitrag fir den Eurovision Song Contest 2025 gewielt gëtt. D'Finall war de 25. Januar 2025 an der Rockhal. D'Laura Thorn huet mat am ganzen 184 Punkte gewonnen, dovu 94 vun der Lännerjury an 90 vum Publikumsvoting. Op d'Plaz 2 koum d'Grupp Zero Point Five mat 126 Punkten.
Matmaach-Konditiounen
[änneren | Quelltext änneren]RTL Lëtzebuerg huet den 1. Juli 2024 annoncéiert, och 2025 erëm beim Eurovision Song Contest wëlle matzemaachen[1].
Den 11. Juli 2024 huet RTL eng Frist fir interesséiert Kënschtler a Songwriter opgemaach, déi hir Bäiträg bis zum 6. Oktober 2024 areeche konnten. D'Kënschtler, oder am Fall vu Bands oder Museksgruppen zumindest ee Member, hu mussen d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, dräi Joer noeneen zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, oder e staarke Band mat der Lëtzebuerger Kulturzeen hunn[2],[3]. All Kandidat huet mussen den 1. Januar 2025 e Mindestalter vu 16 Joer hunn[4]. Kandidate konnte bis zu fënnef Lidder areechen.
No der Kritik, datt den LSC 2024 net vill mat der lëtzebuergescher Musekszeen ze dinn hat, goufen d'Reegele fir d'Editioun 2025 geännert. D'Sänger (oder d'Gruppen), an d'Songwritere konnte sech net méi separat mellen, mee all Sänger misst direkt mat engem Lidd kandidéieren. Dem Radio 100,7 huet de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, den David Gloesener, erkläert, datt dat och eng Manéier wier, der Lëtzebuerger Musekszeen eng méi grouss Visibilitéit ze ginn[5],[6]. Vum 27. bis 30. September 2024 war an der Rockhal zu Esch-Uelzecht e Songwriting-Camp, dee vum "Rocklab" organiséiert gouf a bei deem Kënschtler mat lokalen an internationale Songwriteren a Produzenten zesummeschaffe konnten, fir hir Lidder fir de Concours ze kreéieren. Dëst Evenement gouf mat der Ënnerstëtzung vu Kultur |lx an der Sacem organiséiert, an Associatioun mat der Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs (FLAC) an dem Grund Club[7],[8].
Bis zur Deadline am Oktober hu sech 135 Kënschtler gemellt, vun deenen awer nëmmen 53 Kandidate mat am Ganzen 79 Lidder zeréckbehale goufen[5]. Déi aner hate kee Lidd mat agereecht oder d'Konditioune fir matzemaachen net erfëllt[9]. Vun deenen 53 Kandidaten haten der 70 % d'Lëtzebuerger Nationalitéit; 25 % ware Residenten a 5 % waren eligibel well se e staarke kulturelle Lien mat Lëtzebuerg haten[3],[9].
Selektioun vun de Finalisten
[änneren | Quelltext änneren]
D'Auditioune waren den 8. an den 9. November 2024 an der RTL City um Kierchbierg, wou eng international Jury d'Lidder bewäert huet. Si huet 12 Bäiträg fir eng lescht Auditiounsronn den 10. November an déi méi eng Wal geholl, bei där schlussendlech siwe Finalisten zeréckbehale goufen.[10] An där internationaler Jury souzen den Diogo Fernandes (portugisesche Produzent a Kënschtlermanager), d'Poli Genova (déi Bulgarien 2011 an 2016 beim Eurovision Song Contest vertrueden huet), d'Niamh Kavanagh (déi 1993 de Eurovision Song Contest fir Irland gewonnen huet), d'Marie Myriam (déi 1977 de Eurovision Song Contest fir Frankräich gewonnen huet) an den Eldar Gasimov (deen 2011 de Eurovision Song Contest fir Aserbaidschan gewonnen huet).[11]
Déi siwe Finaliste goufen den 18. November 2024 bekannt gemaach. Dorënner sinn d'Grupp One Last Time an d'Sängerin Rafa Ela, déi béid an der viregter Ausgab vum Luxembourg Song Contest (LSC) matgemaach hunn. Déi jeeweileg Lidder vun de Finaliste goufen den 19. Dezember 2024 op RTL Radio Lëtzebuerg an Today Radio an online op RTL Infos an rtl.lu presentéiert.[12],[13]
Kandidaten
[änneren | Quelltext änneren]Kënschtler | Lidd | Songwriter[14] |
---|---|---|
Laura Thorn | La poupée monte le son | Julien Salvia, Ludovic-Alexandre Vidal |
Luzac | Je danse | Linda Dale, Alireza Baghdadchi, Edson Pires Domingos, Lucas Zagdoudi |
Mäna | Human Eyes | Mattias Skantze, Robin Larsson |
One Last Time | Gambler's Song | Andrea Galleti, Jonathan Fersino, Albin Ljungqvist |
Rafa Ela | No Thank You | Christoffer Jonsson, Johan Jämtberg, Rafaela Teixeira Fernandes |
Rhythmic Soulwave | Stronger | Carmen Carbonell Suarez, Naomi Ayé Vajdovics Suarez |
Zero Point Five | Ride | Federico Menichetti. Gilles Saracini. Chris Reitz. Nathalie Haas, Sander Janssen, Dan Thiltges, Jonas Holteberg Jensen |
Laura Thorn
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Laura Thorn.
D'Laura Thorn spillt Piano an Cello an huet zu Namouer an der Belsch Gesank studéiert an 2024 ugefaangen am Escher Conservatoire ze schaffen, wou si Solfège a Gesank ënnerriicht. 2024 gouf si vu Museksproduzente vu Paräis kontaktéiert, déi hir de fäerdegen, franséischsproochegen Titel La poupée monte le son presentéiert hunn, eng Hommage un der France Gall hire Gewënnertitel Poupée de cire, poupée de son.[15],[16],[17]
Luzac
[änneren | Quelltext änneren]De Luzac, eigentlech Lucas Zagdoudi,[18] ass d'Kand vun enger belscher Mamm an engem franko-tunesesche Papp.[19] Als Kand huet hie Gei geléiert.[20] Hie ass ausgebilten Educateur an huet 2024 als Streetworker an engem Jugendhaus an der Géigend vun der Stad Lëtzebuerg geschafft.[20],[21] Seng éischt Single J'y arriverai huet hien 2021 erausbruecht.[22]
Säi Bäitrag Je danse gouf vum Edsun matgeschriwwen, deen e Finalist beim LSC 2024 war, a vun der Norwegerin Linda Dale, déi eng vun de Songwriterinne vum Schwäizer Sänger Nemo sengem Titel The Code ass, deen de Eurovision Song Contest 2024 gewonnen huet.
Mäna
[änneren | Quelltext änneren]D'Mänä, eigentlech Alexia Rodrigues, ass déi jéngst Finalistin.[23] Si huet Gei a Flütt op der Diddelenger Museksschoul geléiert a spillt an engem Orchester. Donieft studéiert si fir Léierin ze ginn. Hir Debutsingle Stay ass 2023 erauskomm.[12] Hire Bäitrag Human Eyes gouf vun de schweedesche Songwritere Mattias Skantze a Robin Larsson geschriwwen.
One Last Time
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: One Last Time (Museksgrupp).
One Last Time sinn eng lëtzebuergesch Pop-Rock-Band, déi duerch hir Participatioun mam Bäitrag Devil in the Detail um LSC d'Joer virdru bekannt goufen. Si verëffentlechen hiren Debutalbum am Fréijoer 2025. Hiert d'Lidd Gambler's Song gouf vun de Bandmemberen Andrea Galleti a Jonathan Fersino zesumme mam schweedesche Songwriter Albin H. Fredy Ljungqvist geschriwwen.[15]
Rafa Ela
[änneren | Quelltext änneren]D'Rafaela Teixeira Fernandes ass eng lëtzebuergesch Sängerin mat portugisesche Wuerzelen aus der Fiels. Si hat scho beim Luxembourg Song Contest 2024 zesumme mat der belscher Sängerin Angy Sciacqua matgemaach, wou hiert Lidd Drop op déi fënneft Plaz koum. Do virdrun hat si schonn 2016 bei der Kompetitioun "Luxembourg's Next Popstar" an 2018 bei "Top Voice Luxembourg" matgemaach.[24] Hiert Lidd No Thank You huet si zesumme mat de Schweede Christoffer Jonsson & Johan Jämtberg geschriwwen.[15]
Rhythmic Soulwave
[änneren | Quelltext änneren]Rhythmic Soulwave sinn eng international Museksgrupp mat sechs Memberen (Mael Fontana, Leopold Strauß, Angela Aguilera Caballero, Diego Lucero, Zakar Lörinc a Carmen Carbonnell Suarez), déi sech am Stater Conservatoire kenne geléiert hunn. Si spillen eng eklektesch Mëschung aus Jazz, latäinamerikanescher Musek, a Pop a Rock. Hiren Titel Stronger gouf vun der Lead-Sängerin Carmen Carbonnell Suarez an hirer Schwëster Naomi Ayé geschriwwen, déi selwer d'Joer virdru Finalistin beim LSC war.[15]
Zero Point Five
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zero Point Five.
Zero Point Five ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi schonn 2009 gegrënnt gouf an haaptsächlech Pop-Country spillt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ esctoday.com: Luxembourg: RTL confirms participation at Eurovision 2025 vum Sanjay (Sergio) Jiandani (1. Juli 2024)
- ↑ rtl.lu: Luxembourg Song Contest returns on 25 January (gekuckt den 9. Januar 2025)
- ↑ 3,0 3,1 chronicle.lu: 79 Songs Compete Luxembourg Song Contest 2025 (8. November 2024)
- ↑ 100komma7.lu: Lëtzebuerg wäert nees um ESC deelhuelen vum Sophie Schroeder (1. Juli 2024)
- ↑ 5,0 5,1 100komma7.lu: Wie vertrëtt Lëtzebuerg um ESC zu Basel? vum Sopie Schroeder (9. November 2024)
- ↑ 100komma7.lu: Een Ausbléck op den Eurovision Song Contest 2025 vum Sophie Schroeder (2. Januar 2025)
- ↑ rockhal.lu: EUROVISION SONGWRITING CAMP (gekuckt den 9. Januar 205)
- ↑ eurovoix.com: Luxembourg: Songwriting Camp Organised for Eurovision 2025 vum Davide Conte (7. August 2024)
- ↑ 9,0 9,1 rtl.lu: 79 songs compete in Luxembourg Song Contest 2025 (gekuckt den 9. Januar 2025)
- ↑ rtl.lu: It's a wrap: the LSC auditions at RTL City are over vum Jeff Spielmann a Sandy Schmit (gekuckt den 9. Januar 2025)
- ↑ rtl.lu: Who is the international jury selecting the Luxembourg Song Contest participants? (gekuckt den 9. Januar 2025)
- ↑ 12,0 12,1 eurovision.tv: 7 artists announced for 'Luxembourg Song Contest' 2025 (18. November 2024)
- ↑ rtl.lu: Alles, wat ee wësse muss: Vum LSC, de Kandidaten, bis hin zu Basel (9. Januar 2015)
- ↑ eurovision-quotidien.com: Luxembourg 2025 : découvrez les chansons du Luxembourg Song Contest ! (Mise à jour) (20. Dezember 2024)
- ↑ 15,0 15,1 15,2 15,3 ogaegreece.com: LUXEMBOURG: Listen to the songs of LSC 2025 & vote for your favorite one [Poll]! (19. Dezember 2024)
- ↑ rtl.lu: Am Takt: Laura Thorn & Zero Point Five (6. Januar 2025)
- ↑ 100komma7.lu: Laura Thorn: Den LSC gëtt eng vu menge ville Facetten vum Sophie Schroeder (27. November 2024)
- ↑ tageblatt.lu: StrassenMit Rat und Tat an der Seite der Jugendlichen: Lucas Zagdoudi über seinen Job als Streetworker vum Claude Molinaro (17. Abrëll 2024)
- ↑ generations.fr: Luzac dévoile ses intentions dans 'J’y arriverai' ! (19. November 2021)
- ↑ 20,0 20,1 100komma7.lu: Luzac: De Fokus um Songwriting vum Sophie Schroeder (5. Dezember 2024)
- ↑ rtl.lu: From studio to spotlight: Luzac sets sights on Eurovision at Luxembourg Song Contest vum Loïc Juchem a Sandy Schmit (net datéiert)
- ↑ euroalfa.eu: Luxemourg revealed the artists for their selection (18. November 2024)
- ↑ 100komma7.lu: Mäna: Mäi Song fir Basel ass voller Drama vum Sophie Schroeder ()
- ↑ virgule.lu: Rafaela, originaire de Larochette, rêve de gagner l’Eurovision vum Tiago Rodrigues (24. Januar 2024)