Luxembourgit

Vu Wikipedia

Luxembourgit ass e Mineral aus der Klass vun den nativen Elementer, mat der cheemescher Zesummesetzung AgCuPbBi4Se8. Säin Numm gouf am Abrëll 2019 vun der Association internationale de minéralogie offiziell festgeluecht.[1] Et krut dësen Numm, well et zu Lëtzebuerg entdeckt gouf.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Luxembourgit besteet aus mikroskopesche Kristaller, déi duerchschnëttlech 200 µm (0,2 mm) laang a 5 µm déck sinn[2].

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

D'Luxembourgit gouf uganks 2012 bei Biwels, bei Buerunge fir en neie Schacht vun der SEO vun engem wëssenschaftleche Mataarbechter vum Naturmusée, dem Jean-Baptiste Burnet, entdeckt.[3] [4],[5]

Et waren dënn Faseren déi op Dolomitkristaller souzen. Si goufe mat engem Rasterelektronemikroskop a mat Hëllef vun enger energiedispersiver Röntgenspektroskopie ënnersicht. Schonn du stoung fest, datt et ee fir Lëtzebuerg ganz raart Mineral wier. Ufanks gouf ugeholl, et kéint sech ëm Nordströmite, Watkinsonite, Schlemaite oder Litochlebite handelen. Méi grëndlech cheemesch Analyse vum CNR zu Mailand a vun der Universitéit Léck hunn do gehollef, zu der Konklusioun ze kommen, datt et sech net, wéi fir d'éischt ugeholl, ëm Litochlebite géif handelen, mee ëm eng nei Aart. D'Entdeckung gouf dunn, den 30. November 2018, der Commission on New Minerals, Nomenclature and Classification (CNMNC) vun der International Mineralogical Association gemellt. Den 9. Abrëll 2019 huet d'IMA konfirméiert, datt dat neit Mineral ënnert dem proposéierten Numm Luxembourgite unerkannt gi wier.[3]

Den Naturmusée versuergt e Referenz-Stuel (Holotyp).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "New minerals and nomenclature approved by IMA CNMNC in April and May 2019" op Mindat.org.
  2. "'Découverte spectaculaire': La Luxembourgite, un nouveau minéral trouvé au Luxembourg!" op 5minutes.rtl.lu.
  3. 3,0 3,1 Philippo (2019), "La Luxembourgite" an der Literatur.
  4. "Appelez-la «AgCuPbBi4Se» ou «Luxembourgite» lessentiel.lu, 22 mai 2019.
  5. S. Philippo, F. Hatert, Y. Bruni, Vignol: "Luxembourgite IMA 2018-154", in: Mineralogical Magazine vol.83, p.323-328.