Luxemburger Journal (1855)
Ausgesinn
Typ | Zeitung |
---|---|
Éischt Ausgab | 1. Januar 1855 |
Lescht Ausgab | 31. Januar 1855 |
Editeur | Michel Behrens |
![]() |
De Luxemburger Journal war eng kuerzlieweg Zeitung, déi tëscht dem 1. an dem 31. Januar 1855 zweemol d'Woch, mëttwochs a samsdes, zu Lëtzebuerg erauskoum.[1]
De Luxemburger Journal hat e Format vun 38 x 27 cm a bestoung aus je 4 Säiten. Editeur an Drécker war de Michel Behrens.
De Behrens huet d'Commande kritt, fir vum 1. Februar 1855 un La Revue ze drécken, an et gëtt ugeholl, dat wier de Grond gewiescht, firwat e mam Luxemburger Journal opgehalen hat.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hilgert, Romain, 2004. Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Luxembourg. (Als Pdf an 2 Sprooche fir erofzelueden) (fr)(de), S.84.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Hilgert an der Literatur.