Op den Inhalt sprangen

Luxemburger Nationalzeitung

Vu Wikipedia
Luxemburger Nationalzeitung
Typ Zeitung
Éischt Ausgab 2. Mäerz 1856
Lescht Ausgab 4. Mee 1856
Format Folio

D'Luxemburger Nationalzeitung war eng kuerzlieweg Zeitung, déi tëscht dem 2. Mäerz 1856 an dem 4. Mee 1856 ufanks dräimol d'Woch, vun der 6. Nummer u just nach zweemol d'Woch zu Lëtzebuerg erauskoum.

Editeur a Redakter war den Hugo Florian, dee virdru wärend zwee Joer d'Luxemburger Wort gedréckt an zäitweileg och erausginn hat. Gedréckt gouf d'Zeitung beim Michel Behrens[1].

Se war am folio Format. Déi 12. a lescht Nummer hat just nach 4 Säiten.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Hilgert an der Literatur. (S. 84)