Luxemburger Wort

Vu Wikipedia
Versioun vum 21:38, 18. Jan. 2014 vum Soued031 (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎Geschicht: clean up, replaced: Nodeems → Nodeem using AWB).
Déi éischt Nummer vum Luxemburger Wort vum 23. Mäerz 1848.
De Sëtz vum Luxemburger Wort zu Gasperech

D'Luxemburger Wort mam Ënnertitel für Wahrheit und Recht ass eng Lëtzebuerger Dageszeitung, déi den 23. Mäerz 1848 fir d'éischt erauskoum. Et ass déi eelst Zeitung zu Lëtzebuerg, déi haut nach erauskënnt, a mat ronn 68.000 Exemplairen[1] och déi mat der héchster Oplo. Erausgi gëtt se vum Medienhaus Saint-Paul Luxembourg. Si gëtt vun de Leit dacks och nëmmen einfach d'Wort genannt. Si hat hiren Titel dowéinst de 17. Mäerz 2005 an d'Wort ëmgeännert, den 22. Mäerz 2008 awer nees réckgängeg gemaach.

Die Warte / Perspectives, allgemeng als Die Warte bekannt, ass eng kulturell Bäilag déi all Donneschden am Luxemburger Wort läit.

Geschicht

D'Luxemburger Wort ass just 3 Deeg nom Ophiewe vun der Pressezensur am Däitschen Bond erauskomm, op Initiativ vum Oochener Johannes Theodor Laurent, Direkter vum Seminär an Apostolesche Vikar zu Lëtzebuerg. D'Aktionäre vun der Sankt Paulus Druckerei, déi dohanner stounge, ware kathoulesch Politiker an ee Geeschtlechen: Charles-Gérard Eyschen, Jean-Philippe-Christophe Würth, Jean-Mathias Neumann-Würth, Michel Jonas a Bernard Ambrosy. D'Redaktioun bestoung aus elauter Kleriker, Chefredakter war den Edouard Michelis. Et stoung a staarker Oppositioun zu der liberaler Regierung. Och mam Grand-Duc huet et sech ugeluecht ("Kann ein katholisches Volk durch einen protestantischen Fürsten gut regiert werden?" housch et an engem Artikel).

Vun 1848 bis 1864 koum d'Luxemburger Wort zweemol an der Woch eraus, mëttwochs a samschdes owes, mam Datum vum Dag drop. Nodeem d'Stempelsteier ofgeschaaft gouf, koum d'Zeitung mëttwochs, freides a samschdes eraus. Eréischt 1864 gouf et eng Dageszeitung.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet d'Luxemburger Wort zu der Grënnung vun der Rietspartei bäigedroen. An der 2. Hallschent stoung et der CSV no. Dee ganze Kale Krich duerch hat et eng ferm anti-sowjetesch a pro-amerikanesch Haltung, déi keng Nuancen zougelooss hunn. Och vun der Haltung vun der Kathoulescher Kierch ass ni ofgewach ginn, a Glawensfroe souwisou, mä och a Gesellschaftsfroen. Eréischt zanter e puer Joer ass eng méi kritesch Haltung vis-à-vis vun der Regierungsaarbecht, un där d'CSV bedeelegt ass, festzestellen.

Zuelen

Lieser

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 47,1 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer d'(Luxemburger) Wort gelies. 2006/2007 waren et 46,50 %, 2007/2008 44,40 % an 2008/2009 43,20 %.[2] D'Zuele fir 2010 goufen net public gemaach.[3] 2011 waren et 43,20 %[4]

Pressehëllef

2011 huet d'Wort 1 516 769 € Staatlech Pressehëllef kritt.[5]

Oplo

Verkaaften Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel beglaubegt gouf:[6]

uganks 2000 ... 2003 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009000 0004. Tr. 2009000 0002. Tr. 2010000 0004. Tr. 2010000 ... 0002. Tr. 2012000
79.557 ... 74.623 ... 69.500 69.253 68.432 68.079 67.954 ... 67.301

Chefredakteren

Literatur

  • Georges Hellinghausen (1998): 150 Jahre Luxemburger Wort: Selbstverständnis und Identität einer Zeitung (1973-1998); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 472 S.

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Romain Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  2. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  3. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  4. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  5. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.
  6. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; Dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäiluecht Communication, S. 10; dees.:"Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäiluecht "Communication, S.8; dees.: "Der zögerliche Absched der Parteiblätter." d'Lëtzebuerger Land Nr.38., 21. September 2012, S.6.
  7. "Neue Führungsmannschaft: Luxemburger Wort hat neuen Direktor und neuen Chefredakteur." wort.lu, 31.12.2009 10:12.