Lycée classique de Diekirch

De Lycée classique de Diekirch (LCD) ass e lëtzebuergesche Lycée, deen am Oktober/November 1830 zu Dikrech vum Abbé Pierre Stehres gegrënnt gouf.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
- Oktober/November 1830: Grënnung vum Collège Municipal
- 26. Februar 1841: Progymnase Royal Grand-Ducal
- 27. Juni 1891: Gymnase de Diekirch
- 30. Juni 1945: Lycée classique de Diekirch
Direkteren[änneren | Quelltext änneren]
- 1830 - 1871: Pierre Stehres
- 1871 - 1879: Louis Housse
- 1879 - 1879: Philippe Molitor (directeur faisant fonction)
- 1879 - 1881: Théodore Witry
- 1881 - 1904: Auguste Mullendorff
- 1904 - 1918: Jean-Baptiste Heuertz
- 1918 - 1932: Denis Pletschette
- 1932 - 1941: Joseph Merten
- 1944 - 1948: Joseph Merten
- 1948 - 1959: Armand Bodé
- 1959 - 1977: Ben Molitor
- 1977 - 1981: Bernard Krack
- 1981 - 1992: Roger Brachmond
- 1993 - 2014: Robert Bohnert
- zanter Juli 2014: Marcel Kramer
LCD haut[änneren | Quelltext änneren]
D'Schoul besteet aus 3 Gebaier: dem ale Gebai bei der Dikrecher Gare, dem neie Gebai zu Dikrech bei der Sportshal (Rue J. Merten), an der Annexe vum LCD zu Miersch.

An de leschte Joren ass am ale Gebai vill renovéiert ginn. Am Joer 2009 hu Renovatiounsaarbechten am neie Gebai ugefaangen.
Am neie Gebai sinn d'Schüler vu VIIe bis VIe a vu 7e bis 9e technique (sämtlech Voies pédagogiques). Am ale Gebai sinn déi méi al Schüler, also vu Ve bis Ire. Zu Miersch si jeeweils déi dräi éischt Joren aus dem Régime secondaire classique an technique, an zousätzlech de Régime préparatoire.
Direkter ass de Marcel Kramer. Directeurs adjoints sinn de Frank Eyschen an de Frank Colabianchi.
Am Kader vun de Comenius-Projete vun der Europäescher Gemeinschaft waren an de leschte Joren Echangë mat Schoule vu verschiddene Länner, ë. a. mat Frankräich (Gradignan, Nanzeg, Quimper), Portugal (Braga), Däitschland (Dresden, Mönchengladbach, Biesdorf), Belsch (Neerpelt, Büllingen), Holland (Valkenswaard), Italien (Lodi), der Tschechescher Republik (Šternberk), Dänemark (Nakskov) a Rumänien (Sibiu). Eng Dose Mathésschüler konnten am November 2006 un engem Schüleraustausch mat Sfax an Tunesien deelhuelen.
Seit 1998 organiséiere Professere vum LCD déi national Mathematiks-Olympiade vu Lëtzebuerg a preparéieren déi erfollegsräichst Schüler vum Land an Trainingscamps op hir Participatioun un der Internationaler Mathematiks-Olympiad. An de Joren 2011, 2015 an 2018 huet den LCD d'Benelux-Mathematik-Olympiad (BxMO) organiséiert.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Websäit vum Lycée classique de Diekirch
- Loi sur l'Enseignement supérieur et moyen, du 23 juillet 1848
- Loi du 27 juin 1891, concernant la transformation du progymnase de Diekirch en gymnase...
- Arrêté grand-ducal du 30 juin 1945 portant nouvelle dénomination des gymnases de Luxembourg, Diekirch et Echternach