Lycée Josy-Barthel Mamer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lycée Josy Barthel Mamer)
Lycée Josy-Barthel Mamer
De Lycée Josy Barthel (Abrëll 2006)
Mamer Lycée (LJBM)
Typ Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Mamer
Adress 2, rue Gaston Thorn L-8268 Mamer
Leedung Claude Christnach
Schülerzuel 1.350
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Gegrënnt 18. Juli 2001
Genannt no Josy Barthel
Um Spaweck http://www.ljbm.lu/
De Bannenhaff vum Lycée

De Lycée Josy-Barthel Mamer, kuerz LJBM, meeschtens einfach Mamer Lycée genannt, ass eng ëffentlech Secondairesschoul déi hier Dieren am September 2003, westlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Campus Tossebierg zu Mamer opgemaach huet. D'Schoul ass nom Lëtzebuerger Liichtathleet a Politiker Josy Barthel (1927-1992) genannt, dee vu Mamer gebierteg war.

De Lycée huet eng eege Schwämm, déi wa keng Schoul ass, och fir de Public op ass, sou wéi eng eege Gare, mat där en duerch en ëffentlechen Trëppelwee vun enger 800 Meter verbonnen ass.

Am éischte Joer waren 400 Schüler ageschriwwen, an 2018 waren et der 1.208[1].

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 3. August 1998 huet d'Chamber der Regierung d'Erlabnes gi fir e Lycée zu Mamer ze bauen[2]. De Budget deen dofir virgesi war louch uganks bei 2,49 Milliarde Frang, gouf méi spéit awer op 2,72 Milliarde gehéicht[3].

De Lycée gouf mam Gesetz vum 18. Juli 2001 an d'Liewe geruff a krut den Numm « Lycée technique Josy-Barthel »[3]. Zanter der Rentrée 2008/09 heescht en « Lycée Josy Barthel »[4].

Schouloffer[änneren | Quelltext änneren]

Secondaire[änneren | Quelltext änneren]

  • Classique: kompletten Zyklus vu siwe Joer;
  • General: kompletten Zyklus vu siwe Joer;
  • Professionnel: Ausbildung als Technicien en génie civil (véier Joer), Dessinateur en bâtiment a Beruffer aus dem Baufach (Léier vun dräi Joer)

Héichschoul[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Héichschoulberäich kann een e BTS maachen a Building Information Modeling (BIM), Beruffer aus der Immobiliëbranche oder Gebaier an Infrastrukturen.

Lëscht vun den Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lycée Josy Barthel (Ed.), 2013. Yearbook 2012-2013. 86 p.
  • Lycée Josy Barthel (Ed.), 2012. Yearbook 2011-2012. 86 p.
  • Lycée Josy Barthel (Ed.), 2011. Yearbook 2010-2011. 64 p.
  • Lycée Josy Barthel (Ed.), 2010. Yearbook 2009-2010 / Léiere fir d'Liewen. 64 p.
  • Lycée Technique Josy Barthel (Ed.), 2008. Yearbook 2007-2008 / Léiere fir d'Liewen. 112 p.
  • Lycée Technique Josy Barthel (Ed.), 2007. Yearbook 2006-2007 / Léiere fir d'Liewen. 96 p.
  • Lycée Technique Josy Barthel (Ed.), 2006. Yearbook 2005-2006 / Léiere fir d'Liewen. 128 p.
  • Lycée Technique Josy Barthel (Ed.), 2005. Yearbook 2004-2005 / Léiere fir d'Liewen. 96 p.
  • Les Amis du Lycée technique Josy-Barthel (Ed.), 2004. Apprendre - comprendre - Entreprendre: une année au Lycée Technique Josy Barthel / Festschrift zum Ersten Geburtstag unserer "lernenden Schule". 72 p.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée Josy-Barthel Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Fünfzehnter Schulanfang im Lycée Josy Barthel." wort.lu, 18.09.2018.
  2. Loi du 3 août 1998 relative à la construction d'un lycée à Mamer. legilux.lu (03.08.1998). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  3. 3,0 3,1 Loi du 18 juillet 2001 portant 1. création d'un établissement d'enseignement secondaire technique à Mamer 2. modification de la loi du 3 août 1998 relative à la construction d'un lycée à Mamer. legilux.lu (18.07.2001). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  4. Loi du 20 avril 2009 modifiant la loi du 18 juillet 2001 portant 1. création d'un établissement d'enseignement secondaire technique à Mamer; 2. modification de la loi du 3 août 1998 relative à la construction d'un lycée à Mamer.. legilux.lu (20.04.2009). Gekuckt de(n) 29.09.2022.