École privée Marie-Consolatrice

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
École privée Marie-Consolatrice
"Liichtschëld" mat der fréierer Bezeechnung "Lycée technique"
(EPMC)
Typ Secondairesschoul, Privatschoul
Regimm General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Esch-Uelzecht
Adress 101 rue de Luxembourg L-4221 Esch-sur-Alzette
Schülerzuel 447
  September 2022
Gegrënnt 1884
Um Spaweck https://www.epmc.lu/


D'École privée Marie-Consolatrice, (fréier Lycée technique école privée Marie-Consolatrice) ass eng privat Secondairesschoul zu Esch-Uelzecht an der Lëtzebuerger Strooss op Nummer 101. Si ass nëmme fir Meedercher.

De Virgänger vun der haiteger Schoul gouf 1884 vun den Elisabethinnen als Bitzschoul zu Esch an der Groussgaass opgemaach. 1889 koum do eng Haushaltungsschoul dobäi. Se gouf "Maria Hilf" genannt.

1896 gouf dat Gebai, wou d'Schoul haut nach dran ass, zesumme mat engem Pensionat, gebaut. D'Pensionat war bis 1969 a Betrib.

1982 gouf d'Schoul duerch Gesetz e Lycée technique, mat identesche Programmen, Ofschlëss a Viraussetzungen un d'Enseignante wéi an aneren technesche Lycéeën och[1].

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 31 mai 1982 concernant les relations entre l'Etat et l'enseignement postprimaire privé. legilux.lu (31.05.1982). Gekuckt de(n) 19.09.2022.