Lycée Guillaume-Kroll

Vu Wikipedia
Lycée Guillaume-Kroll
D'Haaptgebai vum LGK, fréieren LTE
(LGK)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Esch-Uelzecht
Adress 32, rue Henri Koch L-4354 Esch-sur-Alzette
Leedung Patrick Straus
Schülerzuel 1.764
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Genannt no Guillaume J. Kroll
Um Spaweck https://www.lgk.lu/


D'Gebai op der Victor-Hugo-Plaz, gebaut Mëtt 1930er Joren.

De Lycée Guillaume-Kroll a Kuerzform LGK, de fréiere Lycée technique d'Esch-sur-Alzette (LTE), ass eng ëffentlech Secondaires– an Héichschoul zu Esch-Uelzecht, déi virun allem op technesch Beruffer spezialiséiert ass.

Formatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am LGK kann een am Classique eng Formatioun an der Informatik an der Kommunikatioun maachen iwwerdeems am General véier Sektiounen zur Auswiel stinn (Ingenierie, Gesondheet a Soziales, Naturwëssenschaften, Informatik). Am Professionnel kann een nieft enger Léier als Coiffer, Elektriker, Schlässer, Schräiner, Parqueteur a Mechatroniker och en Techniker a Smart Technologies, an der Mechatronik oder an der Informatik maachen.

Am Héichschoulberäich kann een e BTS maachen a Cloud Computing, Communication technologies oder Cybersecurity.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

1914 gouf iwwer eng Privatinitiativ[Wien?] zu Esch eng Beruffsschoul an d'Liewe geruff.

Déi Beruffsschoul gouf mam Gesetz vum 18. Juli 1924 iwwer d'Schafe vun enger École professionnelle zu Esch verstaatlecht[1].

Mam Gesetz vum 25. Mäerz 1933 krut d'Regierung d'Erlabnes fir eng École professionnelle zu Esch-Uelzecht ze bauen[2]. Den Terrain dofir war vun der Stad Esch zur Verfügung ze stellen. Am Schouljoer 1936/1937 goungen d'Diere vun där Schoul op der Victor-Hugo-Plaz fir déi éischt Schüler op.

D'Regierung krut mam Gesetz vum 7. August 1961 d'Erlabnes fir d'École professionnelle de l'État d'Esch-sur-Alzette ze vergréisseren[3].

Duerch d'Gesetz vum 12. November 1975 krut d'Regierung erlaabt fir en zweet Schoulgebai fir d'École professionnelle de l'État d'Esch-sur-Alzette ze bauen[4]. Dat Gebai gouf zu Esch-Lalleng opgeriicht an huet 1979 seng Dieren, als Annex vum deemolegen Haaptgebai op der Victor-Hugo-Plaz, opgemaach.

Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 13. Juli 1979 gouf aus der École professionnelle de l'État à Esch-sur-Alzette an dem ugeglidderte Collège d'enseignement moyen en technesche Lycée mam Numm Lycée technique d'Esch-sur-Alzette (LTE)[5].

Am Schouljoer 1994/1995 koum d'Annex Wobrécken mat de Klasse vum Régime préparatoire dobäi. Dee Regime war duerch e Gesetz vum 3. Juni 1994 geschaf ginn[6]. An deem Gebai war vum Januar 1973 un de Centre régional complémentaire fir d'siwent, d'aacht an d'néngt Schouljoer vun de Gemengen Esch-Uelzecht, Suessem, Monnerech a Schëffleng.

D'Regierung krut mam Gesetz vum 13. Abrëll 1998 d'Erlabnes fir Ateliere beim Centre national de formation professionnelle continue zu Esch um Flouer a Somett ze bauen[7] an ee Joer drop duerft mam Gesetz vum 29. Abrëll 1999 och e Schoulkomplex zu Rämerech (Esch-Uelzecht) gebaut ginn[8]. Am September 2000 ass d'Gebai mat 21 Atelieren, dat d'Bezeechnung Aile technique huet, a Betrib geholl ginn.

Wéi 2006 en zweete Lycée zu Esch-Uelzecht, de Lycée technique de Lallange (LTL), opgoung, gouf den LTE opgedeelt.

Am November 2004 ass de Schoulkomplex zu Rämerech, d'Haaptgebai vum LTE, opgaangen. Dat Gebai gouf den 28. Mäerz 2006 vun der Eduatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres an dem Bauteminister Claude Wiseler ageweit.

2011 gouf d'Annex Wobrécken, am Volleksmond och „déi gréng Schoul“ genannt, zougemaach a kuerz dono ofgerappt. D'Hallschent vun de Schüler an den Enseignante vum Régime préparatoire koum an d'Haaptgebai vum LTE, déi aner Hallschent gouf vum neie Lycée Bel-Val (LBV) iwwerholl.

Fir d'Rentrée 2018-2019 ass aus dem « Lycée technique d'Esch-sur-Alzette » de « Lycée Guillaume Kroll » ginn[9], deen nom lëtzebuergesche Fuerscher an Erfinder Guillaume Kroll genannt ass.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Gebaier vum LGK[änneren | Quelltext änneren]

  • Haaptgebai, 32, rue Henri Koch
  • Aile technique, 28, rue Henri Koch

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée Guillaume-Kroll – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 18 juillet 1924 portant création d'une école professionnelle à Esch-sur-Alzette. legilux.lu (18.07.1924). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
  2. Loi du 25 mars 1933 relative à la construction d'une Ecole professionnelle à Esch-s.-Alz. legilux.lu (25.03.1933). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
  3. Loi du 7 août 1961 relative à l'agrandissement de l'Ecole Professionnelle de l'Etat à Esch-sur-Alzette. legilux.lu (07.08.1961). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
  4. Loi du 12 novembre 1975 autorisant le Gouvernement à procéder à la construction et l'équipement d'un deuxième bâtiment scolaire pour les besoins de l'Ecole professionnelle de l'Etat d'Esch-sur-Alzette et au réaménagement du bâtiment existant. fr (12.11.1975). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
  5. Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant (…) l'Ecole Professionnelle de l'Etat à Esch-sur-Alzette (…) en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (13.07.1979). Gekuckt de(n) 28.09.2022.
  6. Loi du 3 juin 1994 portant création du régime préparatoire de l'enseignement secondaire technique. legilux.lu (03.06.1994). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  7. Loi du 13 avril 1998 autorisant le Gouvernement à faire procéder à la construction et à l'aménagement d'ateliers pour les besoins du Lycée technique d'Esch-sur-Alzette dans l'enceinte du Centre national de formation professionnelle continue. legilux.lu (13.04.1998). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  8. Loi du 29 avril 1999 relative à la construction du Lycée technique d'Esch-sur-Alzette - Raemerich. legilux.lu (29.04.1999). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  9. Règlement grand-ducal du 25 juillet 2018 modifiant le règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant (…) l'École Professionnelle de l'État à Esch-sur-Alzette (…) en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (25.07.2018). Gekuckt de(n) 29.09.2022.