Lycée Vauban
Ausgesinn
|
D'Stäiler a Form vum Schrëftzuch 'VAUBAN' | |
| Typ | Lycée, Secondairesschoul |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Uertschaft | Gaasperech |
| Leedung | Marguerite Poupart-Lafarge |
| Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
| Gegrënnt | 1985 |
| Koordinaten | 49°37'31,08"N, 6°7'2,28"O |
| Um Spaweck | http://www.vauban.lu |
|
| |
De Lycée Vauban (Lycée français du Luxembourg a.s.b.l.) ass eng franséischsproocheg Schoul zu Gaasperech am Campus francophone.
Virum 21. Februar 2018[1] war s'um Lampertsbierg an der Avenue Joseph-Sax.
De Lycée Vauban gehéiert zum Reseau vun der Agence pour l'Enseignement Français à l'Etranger, zu deem 400 änlech Schoule gehéieren, an e besteet zanter 1984. Den 1. Januar 2004 krut en de Statut Etablissement privé luxembourgeois.
An dëser Schoul gëtt besonnesch Gewiicht op Sproochen an Informatik geluecht.
Am Schouljoer 2006-2007 ware 627 Schüler ageschriwwen.
D'Direktesch ass d'Marguerite Poupart-Lafarge[2].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Lycée Vauban mécht seng Dieren op." rtl.lu, 21.02.2018, 12:30:43.
- ↑ Gouvernance - Composition du Conseil d'administration op vauban.lu, gekuckt den 28. August 2019
