Lycée classique de Diekirch

Vu Wikipedia
Lycée classique de Diekirch
Dikrecher Kolléisch (LCD)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Dikrech
Leedung Marcel Kramer
Schülerzuel 1.215
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt Oktober 1830
Grënner Pierre Stehres
Genannt no Dikrech
Um Spaweck http://www.lcd.lu/
Hënnescht Säit (2016)

De Lycée classique de Diekirch (LCD) ass en ëffentleche lëtzebuergesche Lycée, deen am Oktober/November 1830 zu Dikrech vum Abbé Pierre Stehres gegrënnt gouf.

De Lycée besteet aus dem ale Gebai bei der Dikrecher Gare an zanter 1971 aus engem zweeten, dem "neie" Gebai, bei der Sportshal an der Rue Joseph Merten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • Oktober/November 1830: Grënnung vum Collège municipal (oder École moyenne)
  • 26. Februar 1841: Progymnase Royal Grand-Ducal
  • 23. Juli 1848[1]: Progymnase de Diekirch
  • 27. Juni 1891[2]: Gymnase de Diekirch
  • 30. Juni 1945[3]: Lycée classique de Diekirch
  • 1996: de fréiere Lycée technique vu Miersch gëtt eng Annex vum LCD
  • 2021: Aus der Annex zu Miersch gëtt d'École internationale Mersch Anne Beffort

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

LCD haut[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

An de leschte Joren ass am ale Gebai vill renovéiert ginn. Am Joer 2009 hu Renovatiounsaarbechten am neie Gebai ugefaangen.

Am neie Gebai sinn d'Schüler vu VIIe bis VIe a vu 7e bis 9e technique (sämtlech Voies pédagogiques). Am ale Gebai sinn déi méi al Schüler, also vu Ve bis Ire. Zu Miersch si jeeweils déi dräi éischt Joren aus dem Régime secondaire classique an technique, an zousätzlech de Régime préparatoire.

Direkter ass de Marcel Kramer. Directeurs adjoints sinn de Frank Eyschen an de Frank Colabianchi.

Am Kader vun de Comenius-Projete vun der Europäescher Gemeinschaft waren an de leschte Joren Echangë mat Schoule vu verschiddene Länner, ë. a. mat Frankräich (Gradignan, Nanzeg, Quimper), Portugal (Braga), Däitschland (Dresden, Mönchengladbach, Biesdorf), Belsch (Neerpelt, Büllingen), Holland (Valkenswaard), Italien (Lodi), der Tschechescher Republik (Šternberk), Dänemark (Nakskov) a Rumänien (Sibiu). Eng Dose Mathésschüler konnten am November 2006 un engem Schüleraustausch mat Sfax an Tunesien deelhuelen.

Zanter 1998 organiséiere Professere vum LCD déi national Mathematiks-Olympiade vu Lëtzebuerg a preparéieren déi erfollegräichst Schüler vum Land an Trainingscamps op hir Participatioun un der Internationaler Mathematiks-Olympiad. An de Joren 2011, 2015 an 2018 huet den LCD d'Benelux-Mathematik-Olympiad (BxMO) organiséiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée classique de Diekirch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. LOI sur l'Enseignement supérieur et moyen, du 23 juillet 1848, n° 1. legilux.lu (23.07.1848). Gekuckt de(n) 24.09.2022.
  2. Loi du 27 juin 1891 concernant la transformation du progymnase de Diekirch en gymnase et la création d'une 3e classe gymnasiale au progymnase d'Echternach. legilux.lu (27.06.1891). Gekuckt de(n) 24.09.2022.
  3. Arrêté grand-ducal du 30 juin 1945 portant nouvelle dénomination des Gymnases de Luxembourg, Diekirch et Echternach. lefgilux.lu (30.06.1945). Gekuckt de(n) 24.09.2020.