Lycée Mathias-Adam
De Lycée Mathias-Adam, kuerz LMA, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaireschoul zu Péiteng, déi nom lëtzebuergesche Pedagog Mathias Adam (1850 - 1936) genannt ass.
Historique[änneren | Quelltext änneren]
Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum Enseignement moyen zu Lëtzebuerg, gouf duerch groussherzoglecht Reglement vum 27. Mee 1966 de Collège d'enseignement moyen zu Péiteng an d'Liewe geruff, aus deem dann duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 13. Juli 1979 en technesche Lycée mat der Bezeechnung Lycée technique Mathias-Adam gouf.
D'Regierung krut duerch d'Gesetz vum 27. Mee 2002 d'Erlaabnes fir en neit Gebai fir de Lycée zu Rolleng[1] ze bauen. Den éischte Spuetstech fir dat Gebai gouf den 9. Februar 2004 a Presenz vun der Erzéiungsministesch Anne Brasseur an der Bauteministesch Erna Hennicot-Schoepges gemaach. De 17. September 2008 konnten déi éischt Schüler an dat neit Gebai anzéien.
De fréieren „Lycée technique Mathias-Adam” gouf den 30. November 2020 an „Lycée Mathias-Adam” ëmgedeeft[2].
Direkteren[änneren | Quelltext änneren]
- Cornel Meder
- Léon Beffort
- Edgar Muller
- Pascal Marin
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Websäit vum Lycée technique Mathias Adam
- Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen
- Règlement grand-ducal du 27 mai 1966 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Pétange
- Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant... le Collège d'enseignement moyen de Pétange... en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières
- Loi du 27 mai 2002 autorisant le Gouvernement à construire un nouveau bâtiment pour le Lycée technique Mathias Adam de Pétange...
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Sektioun B vu Péiteng ass Rolleng
- ↑ Règlement grand-ducal du 30 novembre 2020 modifiant le règlement grand-ducal modifié du 13 juillet 1979 transformant l’Institut d’enseignement agricole, l’École des Arts et Métiers, l’École Professionnelle de l’État à Esch-sur-Alzette, le Centre d’enseignement professionnel de Diekirch (École Hôtelière), le Collège d’enseignement moyen et professionnel de l’Est, le Collège d’enseignement moyen de Pétange, le Collège d’enseignement moyen et professionnel de Dudelange, l’École de Commerce et de Gestion en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-10.