Lycée technique de Lallange

Vu Wikipedia
Lycée technique de Lallange
De Lycée technique vu Lalleng (2011)
(LTL)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Esch-Uelzecht
Adress Boulevard Hubert Clément L-4064 Esch-sur-Alzette
Leedung Claude Loesch
Schülerzuel 1.572
  September 2022
Gegrënnt 28. Oktober 2002
Architekt A.M. Jacek Pawlowski, Jean-Claude Lutz
Genannt no Lalleng
Um Spaweck https://www.ltl.lu/

De Lycée technique de Lallange, kuerz LTL, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul am Quartier Lalleng zu Esch-Uelzecht.

Geschicht

Mam Gesetz vum 28. Oktober 2002 ass, nom Lycée technique d'Esch-sur-Alzette (LTE), eng zweet technesch Secondairesschoul um Territoire vun der Stad Esch-Uelzecht an d'Liewe geruff ginn[1]. Dës krut duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 24. Dezember 2002 den Numm « Lycée technique de Lallange »[2].

Provisoresch war d'Haaptgebai vum LTL zu Esch op der Victor-Hugo-Plaz, an eng Annexe dovun zu Schëffleng am "Arbedsgebai".

No véier Joer Bauzäit gouf déi nei Schoul am September 2010 mam Ufank vum neie Schouljoer a Betrib geholl. D'Gebai ass no de Pläng vun den Architekten A.M. Jacek Pawlowski a Jean-Claude Lutz gebaut ginn. Déi offiziell Aweiung war den 29. Oktober 2010 a Presenz vun de Ministere Claude Wiseler a Mady Delvaux-Stehres. Éischte Schouldirekter am LTL ass de Claude Loesch.

D'Schoul am Detail

  • Baukäschten: 100 Milliounen Euro
  • Capacitéit: zirka 1500 Schüler
  • Klassenzëmmer: 53
  • Informatiksäll: 12
  • Handwierksatelieren: 5
  • Laboratoire fir naturwëssenschaftlech Fächer: 8
  • Sportinfrastruktur: 1 Schwämm, 2 Sporthalen, 1 Kraaftraum, 1 Danzsall, 1 Foussballterrain, 1 Multi-Sportterrain
  • Schoulrestaurant: 450 Plazen

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. Loi du 28 octobre 2002 portant création d'un second établissement d'enseignement secondaire technique à Esch-sur-Alzette. legilux.lu (28.10.2002). Gekuckt de(n) 04.10.2022.
  2. Règlement grand-ducal du 24 décembre 2002 portant dénomination du second établissement d'enseignement secondaire technique à Esch-sur-Alzette. legilux.lu (24.12.2002). Gekuckt de(n) 04.10.2022.