Lycée des arts et métiers

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg (2008)

De Lycée des arts et métiers, kuerz LAM, ass déi fréier Handwierkerschoul, déi am Joer 1896 gegrënnt ginn ass, an ass deen eelsten ëffentlechen technesche Lycée vu Lëtzebuerg.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Gesetz vum 14. Mäerz 1896 gouf d'École d'artisans de l'État an d'Liewe geruff.

D'Gesetz vum 30. September 1909 huet festgeluecht e Gebai fir dës Schoul an der Stad Lëtzebuerg ze bauen.

Den 9. Juli 2015 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem den Uelzecht-Lycée an de Lycée technique des arts et métiers integréiert soll ginn.[1]

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Schüleraktivitéiten hunn eng gewëssen Traditioun am LAM. All Schüler ka sech e Projet ausdenken an en der Direktioun virstellen. Och gëtt et Projeten, déi zwar vum LAM offiziell unerkannt sinn, déi awer vu Schüler gefouert ginn.

D'Schüler vum LAM sinn och zanter 2008 am Lampertsbierger Schülerorchester aktiv.

Schoul emol anescht[änneren | Quelltext änneren]

Ee Beispill vu villen ass d'Manifestatioun "Schoul emol anescht" (vun de Schüler einfach "Schoulfest" genannt), déi regelméisseg all Joer an der Mëtt vum 3. Trimester ass. Hei hu Schüler d'Méiglechkeet, sougenannten Ateliere virzestellen a virzebereeden. Beispiller vu regelméissegen Ateliere sinn: Mountain-Bike mat vun der Schoul bezueltem Transport op de Bambësch, Miss/Mister LAM, Kachen a Magic.

Schüler hëllefe Schüler[änneren | Quelltext änneren]

De Service de psychologique et d'orientation scolaire (SPOS) verwalt all Joer eng Lëscht mat Schüler, déi entweder gratis oder géint Bezuelen anere Schüler Nohëllef ginn. Dobäi ginn déi Schüler och vum SPOS aktiv ënnerstëtzt, andeems se déi richteg Aart a Weis vum Léiere bäibruecht kréien. Natierlech gëtt och dem Schüler säin Duerchschnëtt an deem Fach gekuckt, an deem e wëll Nohëllef ginn. Sou ka séchergestallt ginn, datt all Schüler op der Lëscht och eppes vu sengem Fach versteet.

Déi Iddi war och fir den Internet ëmgesat ginn. Sou hat den LAM och en offizielle Forum fir Aufgabenhëllef, wou all Schüler aus dem LAM sech konnt umellen. Och hei gouf den Inhalt vu Professeren, awer och vun anere Schüler kontrolléiert. Dee Projet war vum Schüler Mike Ferreira Esteves am Februar 2005 op d'Bee gesat ginn; gouf awer 2007 erëm ofgeschaaft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Pierre Kunnert: L'histoire du LTAM [Lycée Technique des Arts et Métiers] : l'histoire de notre école avec l'image pour mémoire ; in: 100 Joer Handwierkerschoul ; Lëtzebuerg, LTAM, 1996; Ss.12-36.
Vue vun uewen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Deux lycées fusionnent." Le Quotidien, 10. Juli 2015, S. 5.