Lyoner

D'Lyoner ass eng Wurscht, déi ursprénglech aus der franséischer Stad Lyon kënnt.
Si gëllt an Däitschland als Spezialitéit aus dem Saarland.[1],[2] D'"Saarländische Lyoner" ass zënter 2005 eng geschützte Mark an der EU.[3] Zu Lëtzebuerg gëllt se awer och als typpesch lëtzebuergesch Wurscht.[4],[5],[6] Do bidde vill Metzlereien zum Beispill de Kanner gratis e Rondel Lyoner un.[4],[7]
Zoubereedung
[änneren | Quelltext änneren]D'Lyoner ass generell aus Schwéngefleesch a Speck vum Schwäin, an déi och heiansdo Rëndsfleesch vermécht gëtt. Si gëtt mat Gewierzer verfeinert.[2],[8] Et handelt sech ëm eng "Brühwurst", dat heescht eng Wurscht, bei där hirer Produktioun eng Fleesch- a Waassermëschung opgekacht gëtt, fir datt eng fest Struktur entsteet, déi geschnidde ka ginn.
Et kann een d'Lyoner kal iessen, zum Beispill op engem Stéck Brout oder an enger Zalot. Si kann awer och waarm giess ginn, andeem si gekacht, gebroden, oder am Uewe preparéiert gëtt.[8]
Variatiounen
[änneren | Quelltext änneren]

D'Rezept vun der Lyoner gëtt et a verschiddene Variatiounen, an dofir huet si och an ënnerschiddleche Regiounen en aneren Numm. An der Schwäiz heescht se Cervelat (am däitschsproochegen Deel) oder Cervelas (am franséischsproochegen Deel) a steet am Patrimoine culinaire suisse.[9],[10] Deen definéiert hir Kompositioun esou:
Ein Cervelat besteht aus Rindfleisch, eventuell Schweinefleisch, Wurstspeck, Schwartenblock und Eiswasser. Als Gewürze nimmt man Frischzwiebeln, Pfeffer, Koriander, Muskatnuss, Knoblauch und Nelken.
Och am Elsass an a Wallounien heescht se Cervelas, mee besteet do wéi d'Lyoner an am Géigesaz zum Schwäizer Cervelas haaptsächlech aus Schwéngefleesch.[11],[12],[13],[14],[15] An der Belsch gëtt se och chasseur genannt, an heiansdo gëtt se aus Päerdsfleesch gemaach, oder dat gëtt ënnert d'Schwéngefleesch gemëscht.[16],[17]
D'Wurscht, déi an den USA Bologna sausage (oder informell baloney) heescht an a Groussbritannien polony, gëtt et och a ville Variatiounen an änelen der Lyoner.[18],[19],[20],[21],[22]
Op der Ursprongsplaz vun der Lyoner, der Stad Lyon, ass d'Spezialitéit de Cervelas lyonnais aus Schwéngefleesch, deen awer méi graff verschafft ass an an deem Trüffel- a Pistaziestécker sinn.[23],[24],[25]
![]() |
Commons: Lyoner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ trescher-verlag.de: Saarland - Der Lyoner (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ 2,0 2,1 volksfreund.de: Saarländer pikiert: Die beste Lyoner kommt aus Trier vum Bernd Wientjes (19. Mäerz 2014)
- ↑ Amt vun der Europäescher Unioun fir intellektuell Proprietéit: Saarländische Lyoner (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ 4,0 4,1 justarrived.lu: Spécialités culinaires et produits luxembourgeois (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ renmans.lu: Lyoner (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ luxcaddy.lu: La salade de Lyoner Kirsch le Boucher (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ rtl.lu: E Rondel Lyoner vum Jean-Luc Thill (23. Januar 2014)
- ↑ 8,0 8,1 kaufnekuh.de: Lyoner (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ patrimoineculinaire.ch: Cervelat / Cervelas (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ delikatessenschweiz.ch: Alles über den Cervelat (15. August 2015)
- ↑ zum-sauwadala.fr: Qu’est ce que le cervelas alsacien et comment le consommer ? (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ legourmeur.fr: Cervelas d'Alsace (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ alsacesaveurs.com: Cervelas d'Alsace (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ belgicastore.com: Cervelas porc 2x 150 gr (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ efarmz.be: Cervelas chasseurs (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ lavenir.net: Cervelas de cheval de tradition (31. Mäerz 2014)
- ↑ chimaytradition.be: Cervelas Bayard (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ discover.grasslandbeef.com: What Is Bologna Meat and What Is It Made Of? (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ hot-dog.org: The Facts About Bologna (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ sclydeweaver.com: What Is Bologna? (12. Oktober 2020)
- ↑ foodsofengland.co.uk: Polony (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ earthwormexpress.com: The Origins of Polony vum Eben van Tonder (3. September 2019)
- ↑ legourmeur.fr: Cervelas lyonnais (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ charcuterie-sibilia.com: Saucisson à cuire lyonnais truffé (3%) et pistaché (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ magazine.tompress.com: Saucisson à cuire façon lyonnaise (gekuckt den 2. Januar 2025)