Léandre Spartz

Vu Wikipedia
Léandre Spartz
Gebuer 22. Januar 1879
Furen
Gestuerwen 28. September 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Véidokter

De Léandre (Leander) Spartz, gebuer den 22. Januar[1] 1879 zu Furen a gestuerwen den 28. September 1940 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Veterinär.

De Leander Spartz huet zu Zürich an zu Alfort Veterinärmedezin studéiert. Am Oktober 1900 huet hie säin Ofschlossexamen als Veterinär gemaach. 1904 gouf hien Direkter vum Schluechthaus vun der Stad Lëtzebuerg (deemools am Pafendall, spéider zu Hollerech).

De Leander Spartz war Member vun der Académie vétérinaire de France a vun der Académie d'agriculture de France. Hie war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois a vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal. Hie war Sekretär vun der Ligue contre la tuberculose a Grënnungsmember vum Déiereschutzveräin (Société pour la protection des animaux).

Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rei vu veterinärmedezineschen Artikelen. Hie war Coauteur vum Bichelchen Allerhand aus eiser Landwirtschaft an de letzten honnert Jar: historisch-folkloristisch Notize, gesammelt vun: Tony Biwer, Carlo Hemmer, Eduard Pierret, Leander Spartz, J. P. Zanen (1939).

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Diderich, G., 1940. Nachruf. Stadttierarzt Dr. L. Spartz. Luxemburger Wort 1940, Nr. 274 (30. September), S. 6. [1]
  • Loutsch, E., 1946. Léandre Spartz, 1879-1940. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 1946, Livre Jubilaire, fasc. 2, S. 157-158. [2]
  • Loutsch, E., 1947. Dr. Léandre Spartz. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 17(1947), S. 21-22.
  • Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 5-214 [Léandre Spartz: S. 170]. [3]
  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S. [Spartz Léandre: S. 271-272].
  • Theves, G., 2004. Léandre Spartz. Historia Medicinae Veterinariae 29 (3), S. 85-87.
  • Theves, G., 2004. La formation et les examens des vétérinaires luxembourgeois de 1797-1969: un cas spécial. Bulletin de la Société française d'histoire de la médecine et des sciences vétérinaires 2004, 3 (1), S. 23-34 [Léandre Spartz: S. 32-33]. [4]
  • Wort, 1940. Dr. Leander Spartz †. Luxemburger Wort 1940, Nr. 273 (28./30. September), S. 9.
  • Wort, 1940. Todesanzeige: Dr. Leander Spartz. Luxemburger Wort 1940, Nr. 274 (30. September), S. 6. [5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beim G. Theves (1991) steet wéinst engem Drockfeeler de falsche Gebuertsdag, an zwar den 23. amplaz den 22. Januar.
  2. Memorial N° 4 vun 1938 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen