Léon Lambert (Schoulmeeschter)

Vu Wikipedia
Léon Lambert
Gebuer 19. Mee 1924
Gestuerwen 12. November 2014
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Léon Lambert, gebuer den 19. Mee 1924 zu Hoen a gestuerwen den 12. November 2014 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Zwangsrekrutéierten.

De Léon Lambert huet vun 1940 bis 1943 an der Normalschoul studéiert. Am Juni 1943 ass hien an den RAD agezu ginn an am Oktober 1943 an d'Wehrmacht. Géint Enn vum Krich ass hien an amerikanesch respektiv brittesch Gefaangenschaft geroden. Am Juli 1945 koum hien nees heem. E puer Wochen duerno huet hien den Ofschlossexame vun der Normalschoul gemaach.

De Léon Lambert war Schoulmeeschter zu Déifferdeng (1945 bis 1946), Bruch (Gemeng Béiwen-Atert) (1946[2] bis 1948), Biekerech (1948[3] bis 1961) an duerno an der Gemeng Lëtzebuerg, wou hien zu Clausen, am Pafendall, am Neiduerf, am Centre Belair an zu Märel Schoul gehalen huet.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Schulen führen zu Berufen: ein Wegweiser ins Berufsleben. Zusammengestellt von Léon Lambert ; Illustriert von Gisèle Mreches ; hrsg. vom Schulamt der Stadt Luxemburg. [Luxemburg]: [Schulamt der Stadt], [1974], Luxembourg, J. Beffort, 35 S.
  • Schulen führen zu Berufen: ein Wegweiser ins Berufsleben. Zusammengestellt von Léon Lambert ; Illustriert von Gisèle Mreches. [Luxembourg]: Stadt Luxemburg, [1977], Luxembourg, Joseph Beffort, 36 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Zenner, R., 2014. À la mémoire de Léon Lambert. Tageblatt 2014, Nr. 300 (27./28. Dezember), S. 46.
  • Zenner, R., 2015. À la mémoire de Léon Lambert de Luxembourg-Merl. Luxemburger Wort 2015, Nr. 8 (10. Januar), S. 88.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 2014, Nr. 265 (14. November), S. 54 (Doudesannonce).
  2. Cf. Luxemburger Wort 1946, Nr. 241 (29. August), S. 2 (Böwingen. – Bericht über die Sitzung vom 24. August 1946). [1]
  3. Zu Biekerech gouf hien den Nofollger vum Schoulmeeschter Léon Jost, deen do wärend 36 Joer Schoul gehalen hat (Luxemburger Wort 1948, 7. September, Nr. 251, S. 4, Beckerich). [2]