Märei
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Märei, ofgeleet vum franséische Wuert mairie, bezeechent am Lëtzebuergeschen engersäits d'Gemengeverwaltung, an anerersäits d'Gebai an deem d'Verwaltung hire Sëtz huet. Sou gëtt och d'Gemengeverwaltung an der deeglecher Sprooch dacks einfach mat Gemeng ofgekierzt. Et ass een deemno an der Gemeng wann een do wunnt oder am Gemengenhaus, awer et geet en op d'Gemeng wann een eppes Administratives do ze dinn huet, z. B. wann een en Zertifikat brauch, eng Tax bezuele geet oder bestuet gëtt.
D'Verwaltungsgebai vun enger Stad gëtt gemenkerhand Stadhaus (hôtel de ville) genannt.