Méchelskierch zu Betten op der Mess

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Betten op der Mess
Kierch vu Betten op der Mess
Uertschaft Betten op der Mess
Par Betten op der Mess
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Konsekratiounsjoer 1884
Architekt(en) Leonard Rhones
Kierchen - Kapellen
Uergel Betten op der Mess.jpg
Tabernakel Betten.jpg

D'Kierch vu Betten op der Mess ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Betten op der Mess, zum Parverband Vun der Mess, zu der Pastoralregioun Süden, zum Dekanat Käerch an zu der Gemeng Dippech gehéiert.

Si steet zentral an der Uertschaft an der rue du Château, dem CR103.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1739 ass op Bedreiwe vum deemolege Paschtouer Mercatoris mam Bau vun der Kierch vu Betten op der Mess ugefaange gi fir déi al Kapell, déi baufälleg war, z'ersetzen.

De Kontrakt fir déi al Kapell ofzerappen an eng nei Kierch ze baue krut en Entreprener vu Käerch, de Leonard Rhones, fir 670 Reichsthaler. No dem Rhones sengem Doud iwwerhëlt d'Entreprise Robinet vun Äischen de Kontrakt vum Bau. Den Tuerm sollt gehéicht ginn an e sollt en neien Helm kréien.

Beim Ofrappe vun der Kapell ass festgestallt ginn, datt och den Tuerm baufälleg war an dofir huet d'Gemeng nach Sue beim Här de Geisen geléint fir deen och nei opriichten ze kënnen.

Fir dëst ze realiséieren hat den deemolege Paschtouer Mercatoris sech op eng Veruerdnung vun der Keeserin Maria Theresia gestäipt. Et wier soss déizäit schwéier gewiescht well Lëtzebuerg nach keen eegene Bistum war an d'Paren zu Lëtzebuerg an engem Duerchernee vu 7 Bistëmer waren. (Tréier, Léck, Köln, Reims, Verdun, Metz an Namouer).

Sou hunn z. B. d'Bridder vu Betten zum Bistum Namouer gehéiert wéi et an engem Bréif vum Joannes Arnoldus un den deemolege Bëschof vun Namouer steet. An dësem Bréif vum 26. September 1831 huet de Bëschof déi Bettener Brudderschaft vun der éiweger Ubiedung unerkannt.

Aner zoustänneg Bëscheef waren de Mgr Jean-Théodore Laurent (vun 1841 - 1848), Apostoulesche Vikar vu Lëtzebuerg (als Titularbëschof vu Chersones) an de Mgr. Jean Joseph Koppes, deen d'Bettener Reliquië vun den Hellegen Donatus an Desiderius am Haaptaltor attestéiert.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1389: Et goufe 4 Kierchen op der Mess, (Betten, Recken, Réisseng an Éileng), déi an enger "Duebel-Par" zesummegefaasst waren.
  • 1640/50: Duerch d'Pescht bleiwen nëmme 7 Haiser - ganz Réisseng verschwënnt.
  • 1739: D'Kierch gëtt gebaut
  • 1803: Betten gëtt eng selbstänneg Par
  • 1838: D'Kierch kritt 2 Klacken zum Präis vun 2.121 Frang
  • 1881: D'Kierch gëtt vergréissert (5 Meter)
  • 1929: Et gëtt een Duxall gebaut
  • 1941: D'Kierch kritt eng nei Kommiounbänk
  • 1946: D'Klacke ginn elektresch gelaut
  • 1950: D'Kierch kritt eng nei Fassad
  • 1956: Een neien Daach kéint drop
  • 1958: D'Kierch gëtt nei ugestrach
  • 1969: Déi Bettener Kierch kritt eng nei elektronesch Uergel (Ahlborn)
  • 1975/76: D'Kierch gëtt restauréiert no de Richtlinne vum II. Vatikanesche Konzil. Se kritt eng nei Fassad an eng nei Stëtzmauer.
  • 1989: D'Kierch gëtt nei ugestrach a kritt eng nei Päifenuergel (Westenfelder)

Instrumenter am Laf vun der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Instrument an der Bettener Kierch war en Harmonium deen ëm 1900 als Occasioun kaaft gouf. Et ass net méi ganz sécher ob et zu Rolleng (Lamadelaine) oder Réideng (Rodange) war. E stoung ënnen am Chouer bis 1929 den Duxall gebaut gouf. Wéi d'Foussspill mat bäikoum konnte Pedallen net benotzt ginn an d'Duerfbouwen hunn de Balleg gedréckt. An de fofzeger Joren ass déi Aarbecht ewechgefall well den Harmonium ee Motorgeblëis krut.

Duerno ass d'Chorale vun der Kierch gewuess an et ass no engem besseren Instrument gesicht ginn. Ënner dem Impuls vum deemolege Paschtouer, dem Marcel Stirn, ass e Comité protecteur an d'Liewe geruff ginn, an an allen Ecken ass Geld erbäigekratzt gi fir eng nei Uergel unzeschafen. (ronn 211.000 Frang)

De 25. Mäerz 1968 ass de Spilldësch vun der neier Ahlborn-Uergel geliwwert ginn (28 Regëster, 2 Manualer). D'Verkleedungen am Holz vun de Verstäerkere gouf vum Josy Birsens gemaach. D'Aweiung war de 25. Januar 1970 a gespillt gouf se deen Dag vum Professer Pierre Nimax sen.. Souguer de Maître Albert Leblanc dee kee besonnesche Frënd vun den elektroneschen Uergele war huet op dëser Uergel zesumme mat der Maîtrise Notre-Dame vu Lëtzebuerg Concerte gespillt. Dës Uergel huet hiren Déngscht bis de 7 Februar 1988 gutt gemaach bis se deen Dag matzen an engem Concert ugefaangen huet ze streiken. Well d'Kontakter ausgeleiert waren an Ersatzstécker ëmmer schwéier ze kréie waren ass dunn d'Decisioun gefaasst ginn eng nei Päifenuergel unzeschafen.

Déi nei Uergel déi de 4. Februar 1990 ageweit ginn ass kënnt aus der Lëntgener Uergelmanufaktur.

D'Uergel huet zwee Manualer an ee Fousspedall. Si huet 13 Vollregëstere mat 17 Regësterméiglechkeeten.

Den Organist ass de René Bosseler vu Betten op der Mess.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Betten op der Mess

Tabernakel[änneren | Quelltext änneren]

Den Tabernakel steet op enger Holzskulptur vum Josy Birsens vu Betten op der Mess.

De Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee (modern Skulpturen) staamt aus der Hand vun der Marie-Thérèse Gilles vu Betten op der Mess

Thumb Thumb

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Wope vun der Famill de Geisen op der Kierch
Dafsteen

De Wopen op der Kierch ass iwwer der Haaptentrée an ass de Familljewope vun der Famill vum René-Louis de Geisen, dee beim Bau vun der Kierch 120 Reichstaler mat bäiginn hat.

En hat als Konditioun gesat datt:

  • Säi Wope misst op der Fassad ubruecht ginn
  • Hie misst e Stull am Chouer kréien
  • Hie misst an der Kierch begruewe ginn

Hien huet der Gemeng nach Sue geléint wéi den Tuerm huet missen nei opgeriicht ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch zu Betten op der Mess – Biller, Videoen oder Audiodateien