Méchelskierch zu Kolmer-Bierg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Kolmer-Bierg
D'Kierch vu Kolmer-Bierg (2014)
D'Kierch vu Kolmer-Bierg (2014)
Uertschaft / Plaz Bierg
Par Ettelbréck
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Baujoer 1744
Koordinaten 49° 48’ 50.2’’ N
06° 05’ 14.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Méchelskierch zu Kolmer-Bierg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Kolmer-Bierg gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den Hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Mäerzeger Strooss, dem CR345, net wäit vum Schlass Bierg. Den ale Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht.

D'Geschicht vum Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch staamt aus dem Joer 1744 an ass zanter 1803 d'Parkierch vu der Par Kolmer-Bierg. Se gouf duerch d'Gonscht vum Johann Gerard vun Heisgen op der Plaz opgeriicht, wou virdrun eng Kapell stoung. Haut ass nach de Wopen vum Bauhär ënner dem Relief vum Kierchepatréiner, dem Hellege Mëchel, ze gesinn.

Kuriositéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • An enger Fënster gesäit ee Schlass Bierg, souwéi e Bild vum jonke Groussherzog Jean.
  • Riets nieft dem Altor ass op zirka 3 m Héicht e private Balcon mat verglaste Fënsteren fir d'groussherzoglech Famill. Den Zougang zu dësem Balcon ass iwwer e kléngt duebelstäckeg Gebai dat un d'Kierch ugebaut ass.
  • Kuriéis Symboler op verschidde Bausteng op béiden Ecker vu der Kierch.

Op engem speziellen Deel vum Kierfecht virun der Kierch sinn 12 Griewer vun der Famill Blochausen. Ënner anerem läit do de Baron Félix de Blochausen (fréiere Staatsminister a Chamberpräsident) souwéi säi Virfahren, de François Joseph Icnace de Blochausen (Member vu der 1. Chamber vum Hollänesche Kinnekräich) begruewen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch zu Kolmer-Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien