Op den Inhalt sprangen

Médard vun Noyon

Vu Wikipedia
Médard vun Noyon
Statu vum hellege Médard zu Saint-Médard-d'Eyrans
Titel
Titel Bëschof
Biographie
Gebuer 475 jul.
Salency
Gestuerwen 550er
Noyon
Aktivitéit Priister
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 8. Juni

De Médard vun Noyon ((la) Medardus), och hellege Médard genannt, gebuer ëm 475 zu Salency an der Picardie, a gestuerwen den 8. Juni 545 zu Noyon, war e fréichrëschtleche Geeschtlechen a Bëschof. En zielt zu de chrëschtlechen Hellegen.

De Medardus war de Fils vum Nectardus, engem fränkeschen Adelegen, an der Protagia, enger gallo-réimescher Adeleger.

Hie gëtt dacks als den Zwillingsbrudder vum hellege Gildard, dem Äerzbëschof vu Rouen genannt, wat awer eng Legend ass. De Gildard an de Medardus sollen de selwechten Dag gestuerwe sinn, sou datt d'Fester vu béiden Hellegen de selwechten Dag (8. Juni) gefeiert ginn. Dëst ass awer eng Legend déi fir d'éischt am 9. Joerhonnert opkomm ass an zënterhier ëmmer nees zeréck kënnt[1].

Déi Zwéi solle 496 Assistente vum hellege Remi gewiescht sinn, wéi de Clovis I. an der Kathedral vu Reims zum Kinnek geweit gouf. 530 gouf de Médard Bëschof zu Vermand an huet säi Sëtz 531 op Noyon verluecht.

532, nom Doud vum Éleuthaire, Bëschof vun Tournai, gouf hie vum Kinnek Clothaire als Bëschof op Tournai geschéckt, andeems déi zwou Diözese matenee vereent goufen (dës Eenegung huet bis 1146 gedauert).

Hien ass zu Noyon gestuerwen a seng Reliquie goufen op Soissons bruecht wou d'Abtei Saint-Médard opgeriicht gouf. Aner Reliquie koumen an d'Saint-Médard Kierch op Paräis.

De Médard vun Noyon gëtt gëtt meeschtens als Bëschof mat engem Bëschofsstaf duergestallt. Dacks gëtt en och mat engem hallef-oppene Mond gewisen, sou datt ee seng Zänn gesäit, well hie gouf ugeruff géint Zännwéi. Weiderhi gesäit een heiansdo en Aadler iwwer him fléien, oder mat engem Häerz, fir seng Mëtschgiewegkeet ervirzehiewen.

De Médard vun Noyon säin Dag ass den 8. Juni.

Hien ass de Patréiner vun der däitscher Stad Lüdenscheid an do dernieft vun de Baueren, Wënzer, Béierbrauer a vun de Prabbelismécher. E gëtt ugebiet fir dréchent Wieder an e gudde Karschnatz, fir d'Fräiloosse vu Prisonéier; géint Reen, Zännwéi, Féiwer a mental Krankheeten.

Spréchwierder

[änneren | Quelltext änneren]

Am franséisch- an däitschsproochege Raum gëtt et eng sëllege Spréchelcher, déi soen, datt, wann et op Saint-Médard reent, et weider 40 Deeg Ree géif.

  • « Pleurs de Saint-Médard, quarante jours bousards. »
  • « S'il pleut à la Saint-Médard, il pleut quarante jours plus tard, à moins que Saint-Barnabé (11 juin) ne lui coupe l'herbe sous le pied. »
  • „St. Medard keinen Regen trag, / es regnet sonst wohl 40 Tag.“
Commons: Saint Medard – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. (de)Martyrologium Romanum - Flori-Legium: 8. Juni - Ökumenisches Heiligenlexikon. www.heiligenlexikon.de. Gekuckt de(n) 13.09.2024.