Méiparteiesystem

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

E Méiparteiesystem ass e politesche System, an deem e puer politesch Parteien d'Kontroll iwwer d'Regierung kënne kréien, an dat entweder elleng oder an enger Koalitioun.[1][2] Doduerch ass d'Chance méi héich, datt de politesche Wëlle vum Vollek duerch verschidde Parteien artikuléiert gëtt.

Dem Méiparteiesystem steet den Eeparteisystem oder Eenheetsparteisystem géigeniwwer, an deem et nëmmen eng politesch Partei gëtt. Donieft gëtt et awer och nach de Villparteiesystem (mat Honnerte vu Parteien) an den Zwouparteiesystem (mat zwou grousse Parteien).[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Encyclopedia Britannica - Maurice Duverger: Political party - Multiparty systems (gekuckt de 2. Mäerz 2018)
  2. 2,0 2,1 Bundeszentrale für politische Bildung: Partei (gekuckt den 2. Mäerz 2018