Méischdref

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech. Fir d'Uertschaft mat engem ähnlechen Numm an der Gemeng Bettenduerf, kuckt w.e.g. Méischtref.
Méischdref
Vue op d'Foussgängerbréck Méischdref.jpg
Vue op Méischdref mat der Foussgängerbréck iwwer d'Sauer (2019)
An anere Sproochen fr: Moersdorf
de: Mörsdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Coat of arms mompach luxbrg.png Coat of arms rosport luxbrg.png Rouspert-Mompech
Buergermeeschter Romain Osweiler
Awunner 404[1] (2.1.2018)
Koordinaten 49° 44’ 44’’ N
06° 30’ 02’’ O


Méischdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Méischdref läit tëscht Bur a Waasserbëlleg um rietsen Uwänner vun der Sauer, op enger duerchschnëttlecher Héicht vun 170 m iwwer NN. Duerch Méischdref geet d'Nationalstrooss 10 an den CR135. Zu Méischdref leeft d'Kauzebaach, déi vu Giwenech aus den Hang erof kënnt, an d'Sauer.

Bis un d'Enn vum 20. Joerhonnert war eng Steekaul an der Uertschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Archeologesch Fondsaache weisen, datt do schonn an der Kelten-, resp. Frankenzäit Leit gewunnt hunn.[2]

Méischdref gouf als Mersdorph am 13. Joerhonnert eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt. Deemools (a bis zu der Franséischer Revolutioun) huet et zu der Tréierer Abtei St. Maximin gehéiert, an och d'Abtei Iechternach hat do Besëtz. 1248 ass vu Murstorff Rieds, an op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 steet d'Duerf als Merscdorf.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méischdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nombre d'habitants au 02.01.2018" op rosportmompach.lu.
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.412-413.