Mémorial

Vu Wikipedia
Entête vum Mémorial A-309 vun 2016

De Mémorial - Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg ass eng Lëtzebuerger Publikatioun, an där Gesetzestexter a Reglementer verëffentlecht ginn an dee mam Arrêté royal vum 22. Oktober 1842[1] als Mémorial législatif et administratif agefouert gouf. Dodra gouf festgehalen, wéi dëst genee goe sollt. An der Reegel trieden d'Gesetzer a Reglementer dräi voll Deeg no hirer Publikatioun a Kraaft.

1961 gouf de Mémorial duerch e Règlement grand-ducal vum 9. Januar an 3 Deeler gespléckt[2],[3]:

  • de Mémorial A (Recueil de législation), an deem Gesetzestexer a Reglementer stinn;
  • de Mémorial B (Recueil administratif et économique), an deem Verwaltungstexter, Circulairen, Avisen a soss amtlech Informatioune stinn;
  • de Mémorial C (Recueil des sociétés et associations), an deem Gesellschaften, Associatiounen, Stëftungen an Asbl-en hir Statute verëffentleche mussen, bei kommerzielle Gesellschaften och d'Nimm vun den Administrateuren, dem Gerant, den Associéen, asw.

Bis zum Zweete Weltkrich war de Mémorial zweesproocheg Franséisch-Däitsch, duerno just nach op Franséisch.

Den 1. Juni 2016 gouf de Mémorial C ofgeschaaft an e gouf duerch de « Recueil électronique des sociétés et associations » (RESA) ersat[4], deen op der Websäit vum Handelsregëster disponibel ass.

Zanter dem 1. Januar 2017 gëtt de Mémorial net méi a gedréckter Form, mee just nach am Internet, op legilux.public.lu, publizéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mémorial – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté royal grand-ducal du 22 octobre 1842, N° 1943c/1297, réglant le mode de publication des lois. .legilux.public.lu (22.10.1842). Gekuckt de(n) 04.10.2020.
  2. Règlement grand-ducal du 9 janvier 1961 relatif aux trois recueils du Mémorial. legilux.public.lu (09.01.1961). Gekuckt de(n) 04.10.2020.
  3. Buschtawen A, B an C goufen eréischt agefouert mam Règlement grand-ducal du 23 décembre 1994 modifiant le règlement grand-ducal du 9 janvier 1961 relatif aux trois recueils du Mémorial. legilux.public.lu (23.12.1994). Gekuckt de(n) 04.10.2020.
  4. Règlement grand-ducal du 27 mai 2016 modifiant 1. le règlement grand-ducal modifié du 23 janvier 2003 portant exécution de la loi du 19 décembre 2002 concernant le registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises (...). legilux.public.lu (27.05.2016). Gekuckt de(n) 04.10.2020.