Mëllechkan

Vu Wikipedia
Mëllechkanen um Weenchen

Eng Mëllechkan ass en zylinderfërmege Behälter aus dënnem Stol oder Aluminium, deen no uewen op ass, an dee geduecht ass fir Mëllech ze transportéieren. Jee no Ausféierung haten se en Deckel mat engem Klemmverschloss, oder ee mat engem relativ héije Bord, bis zu 15 cm, fir dat en net vun der Kan konnt eroftrëllen. Ofhängeg vun de Géigenden hate Mëllechkanen e Faassungsverméige vun 20 oder 25 Liter.

Mëllechkane goufen um Bauerenhaff no dem Sträiche vun de Kéi mat der Mëllech gefëllt, an da mat dem Kaneweenchen op de Mëllechbock oder Kanebock gefouert. Vun do aus si se mat dem Camion an d'Molkerei tranportéiert ginn. A verschiddene Géigende wéi z. B. an der Äifel gouf den Transport och deelweis mat der Eisebunn gemaach.

Fir datt d'Kanen ëmmer bei de selwechte Bauer sollten zeréckkommen, a wéinst dem Kont vun der ofgeliwwerter Mëllech, waren d'Kanen numeréiert an den Numero stoung op der Baussewand vun der Kan an uewen um Deckel. Beim Retour vun de Kane krut de Bauer, wann e wollt, déi sougenannt gejummt Mëllech mat zeréckgeliwwert, déi en da meeschtens mat Oz vermëscht un d'Béischte verfiddert huet.