Mënsch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mënsch
Eng Fra an e Mann
Eng Fra an e Mann
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Theria
Iwweruerdnung: Euarchontoglires
Uerdnung: Primaten
Iwwerfamill: Hominoidea
Famill: Hominidae
Gattung: 'Homo'
Aart: Mënsch
Wëssenschaftlechen Numm
Homo sapiens
L. 1758


De Mënsch (Homo sapiens) ass der biologescher Systematik no e Plazentadéier aus der Uerdnung vun de Primaten. Hominoidea sinn och Primaten a sinn déi noost Famill zum Mënsch. D'Mënschen, wéi aner Primaten, si sozial Déieren. Si liewe generell a Gruppen, hëllefen a beschütze sech géigesäiteg a këmmeren sech ëm hir Nokommen (Kanner). De Mënsch huet en oprechte Gank, wat an der Déierewelt näischt Besonnesches ass mä ënner Mamendéiere seelen ass.

Mënschen hunn e komplext Gehir, wat et hinnen erlaabt, Sproochen ze benotzen, Iddien ze forméieren an Emotiounen ze hunn. Dat Gehir, an de Fait datt d'Äerm net gebraucht gi fir sech fortzebewegen, erméiglechen et dem Mënsch, Geschir ze benotzen.

Mënsche liewen op all Kontinent. Schätzungen no liewen zanter 2012 iwwer 7 Milliarde Mënschen op der Äerd.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mënsch – Biller, Videoen oder Audiodateien